
D’Stad Lëtzebuerg wollt d’ANIL stellvertriedend fir alleguerten d’Mataarbechter aus dem Gesondheetssecteur fir hiren Asaz an der Corona-Pandemie éieren an ënnersträichen, wéi wichteg Gesondheetsberuffer sinn, heescht et an engem Communiqué.
De Prix Anne Beffort gëtt zanter 2003 op Initiativ vun der Chancëgläichheetskommissioun an der Stad iwwerreecht an ass mat 3.000 Euro dotéiert.