Am Virfeld vun der EM-FinallPoliceminister Henri Kox mécht waarmen Appell, sech un d'Reegelen ze halen

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg géif duerch déi aktuell Infektiounszuele riskéieren nees Risikogebitt ze ginn, duerfir misst een d'Zuele séier gedréckt kréien.
Policeminister Henri Kox mat waarmem Appell
Lëtzebuerg géif duerch déi aktuell Infektiounszuele riskéieren nees Risikogebitt ze ginn, duerfir misst een d’Zuele séier gedréckt kréien.

Eng ronn 22.400 Kontrollen am Beräich Covid goufe bis elo vun der Police duerchgefouert. Dat sot den Direkter vun der Police administrative Pascal Peters op enger Pressekonferenz e Freideg de Moien. Ee Véierel dovunner huet d’Anhale vum Couvre-feu betraff. Am Ganze goufen eng Ronn 8.600 Avertissements taxés a Convocatiounen ausgestallt. Zanter datt de Couvre-feu de 14. Juni opgehuewe gouf, huet d’Police ronn 170 Kontrollen duerchgefouert a 60 Etablissementer am Horeca-Beräich kontrolléiert. An bal engem Mount goufen hei awer just 6 Protekoller geschriwwen, well Leit sech net un d’Reegele gehalen hunn.

De grénge Policeminister Henri Kox weist dann dorop hin, wéi wichteg d’Responsabilitéit vu jidderengem den Ament ass. Besonnesch lo, wou e Sonndeg d’Finall an der Futtball-EM ass, a sech vill Leit wäerte versammelen. Jidderee wier gefrot, mee och besonnesch d’Organisateuren, déi ëmmer kéinte Récksprooch mat der Police an der Santé halen. D’Zuele vun den Neiinfektiounen zu Lëtzebuerg géingen an d’Luucht goen a sou géing een erëm Gefor lafen, als Risikogebitt agestuuft ze ginn. Dofir appelléiert de Minister un d’Verantwortung vu jidderengem an, datt d’Leit sech sollen impfe loossen.

Fir d’Ëmsetzung vun de Covid-Mesurë sinn also d’Leit an d’Organisateuren zoustänneg, fir d’Anhalen an d’Kontrollen d’Police. Dofir ginn d’Beamten an Uniform, awer och a Civil kucken, ob de Covid-Check-Regime agehale gëtt. Et wier wichteg ze betounen, dass net iwwerall de Covid-Check gëllt, mee och aner Regimmer, seet de Pascal Peters. D’Leit géingen nämlech heiansdo denken, dass d’Police net richteg géing kontrolléieren. Dës Kontrolle ginn am Horeca-Beräich stéchprouwenaarteg gemaach a bei gréisseren Eventer gi méi Beamten agesat, seet de Pascal Peters. E Chiffer konnt hien net nennen, mee op d’mannst 12 Polizisten a Civil wieren awer all Dag am Asaz, plus eben déi an Uniform.

Op d’Fro, wéi da Bedreiwer aus dem Horeca-Beräich da sollen an Zukunft kontrolléieren, ob no Mëtternuecht an den Etablissementer d’Leit, déi just en Selbsttest dobäi hunn, d’Lokal verlooss hunn, war d’Äntwert net ganz kloer. Hei misst all Bedreiwer säi Wee fannen, fir dës ze detektéieren. Am private Beräich géing d’Police dann net einfach kontrolléiere kënnen, ob sech zum Beispill méi wéi 10 Leit treffen. Et sief dann, si hätten eppes gemellt kritt.

Back to Top
CIM LOGO