Police-BulletinKette geklaut an der Stad, Fahrerflucht zu Waasserbëlleg

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg gouf um Eck vun der rue Glesener an der Avenue de la Liberté an der Stad enger Persoun eng Kette geklaut.

E Passant war hei ënnerwee a krut vun engem jonke Mann, deen him entgéint koum, d’Kette vum Hals gerappt. Den Täter ass doropshi fortgelaf. Duerch d’Hëllef vun engem opmierksamen Zeien, konnt de presuméierten Täter kuerz drop an der Rue de Bonnevoie gestallt ginn. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Freideg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

En Donneschdeg am Nomëtteg koum et géint 15 Auer zu engem Accident mat Fahrerflucht zu Waasserbëlleg, dat an der Rue Bocksberg. Et koum zu gréisserem Materialschued. No enger Sicht konnt de Chauffeur vum Accident awer wéineg spéider séier fonnt ginn. Den Alkoholtest ass positiv verlaf an de Permis gouf agezunn. De Virfall gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO