
Zu Lëtzebuerg gëtt et keen implizitten Accord vun der Steierverwaltung, wann een op e Bréif keng Äntwert kritt - de Contraire ass de Fall. Déi Prezisioun kruten d’Deputéiert vun der Chamber-Finanz- a Budgetskommissioun e Freideg de Moie vum Finanzminister Pierre Gramegna. Hannergrond si Berichter an der europäescher Press d’lescht Woch, an deenen et geheescht huet, datt Steierexperten e Wee fonnt hätten, fir informell laanscht déi sougenannte Steierrulingen ze kommen.
Wann een e Ruling ufreet an accordéiert kritt, mussen dës Informatiounen haut mam Ausland ausgetosch ginn, fir z’evitéieren, datt sou en Accord op d’Käschte vun de Staatskeesen an engem aner Land ginn. De Reportagë vun ënnert anerem Monde, Süddeutsche Zeitung a Woxx no géingen awer zanter e puer Joer Bréiwer un d’Steierverwaltung geschéckt ginn, an deenen dra géing stoen, wéi vill Steieren eng bestëmmten Entreprise wéilt bezuelen, a wa se keng Äntwert géing kréien, géing dat als Accord interpretéiert ginn. Dat geet dem Lëtzebuerger Gesetz no awer net, do ass de Finanzminister Pierre Gramegna formell.
“Déi Polemik, déi do lancéiert ginn ass, genannt LuxLetters, ass eppes, dat et net gëtt.”
Jidderee kéint der Verwaltung Saache matdeelen, dat hätt awer keng juristesch Implicatiounen. Deemno hätt een och keng Angscht, wann op europäeschem Niveau nach emol méi genee géing gekuckt ginn, ob alles richteg géing lafen. Lëtzebuerg géing sech nämlech un d’Transparenzreegele fir d’Rulingen halen an hätt an de leschte 5 Joer Informatiounen iwwert eng 11.500 vun dësen Accorde mat anere Länner ausgetosch.
“Eng einfach Informatioun, eng einfach Initiativ vun engem Bierger mécht jo kee Sënn, fir engem aneren dat matzedeelen, well dat iwwerhaapt keng juristesch Fundamenter oder Konsequenzen huet. Mir sinn also do ganz geloossen.”
D’CSV, déi de Minister an d’Chamberkommissioun bestallt hat, war zefridde mat den Explikatiounen - domat wier den Dossier fir si ofgeschloss, sou den Deputéierte Laurent Mosar. An Zukunft géinge sech sou Froe sou wéi sou net méi stellen.
“Wann et dann an Zukunft zu enger Minimalbesteierung kënnt, souwuel um Niveau vun der EU, wéi awer och vun der OECD, brauch ee jo eigentlech keng Rulinge méi.”
An den Aen vun de Piraten hirersäits wier et trotzdeem ubruecht, datt d’Steierverwaltung iwwerpréift, ob et intern konnt zu Dysfunktionnementer kommen, sou den Deputéierte Marc Goergen.
“Et ass nämlech effektiv esou, datt souwuel Privatleit, wéi och Betriber heiansdo Explikatiounen zu hiren Ofrechnungen dobäi ginn. Dat ass awer elo nach näischt Verwerfleches. Op där anerer Säit sinn natierlech Betriber, déi Compta maachen, déi dem Client verkafen, mir maachen extra schéi Bréiwer, fir dass de do manner Steiere bezils, wat awer net heescht, dass dat duerno um Steierbüro sou unerkannt gëtt an een da wierklech manner Steiere bezilt.”
Fir z’evitéieren, datt eenzel Persoune sech iwwert dee Wee Virdeeler kéinte verschafen, missten de Piraten no d’Formulairë fir d’Steiererklärungen iwwerschafft ginn, sou datt zousätzlech Explikatiounen zu verschiddenen Depensë formell virgesi ginn.Och zu der geplangter globaler Mindeststeier vu 15 Prozent kruten d’Deputéiert op Demande vun der LSAP weider Informatioune vum Minister.
Den LSAP-Deputéierte Georges Engel: “Amerika muss nach säin Accord do ginn duerch de Senat, wou d’Republikaner elo scho gesot hunn, dass dat fir si net wäert a Fro kommen, do brauche mer dann an Amerika 10 Republikaner, déi sech den Demokraten do géingen uschléissen, et ass also nach net an dréchenen Dicher, mee et ass awer eppes, dat gutt ass.”
D’OECD strieft en Accord dëst Joer un, deen 2022 ëmgesat géing ginn an 2023 a Kraaft triede géing.
An an enger 2. Chamber-Finanz- a Budgetskommissioun e Freideg de Moie war d’Chambre des salariés op Besuch. A Preparatioun vun enger Orientatiounsdebatt iwwert de Lëtzebuerger Steiersystem consultéiert d’Kommissioun den Ament eng Rei Acteuren. D’Salariatskammer hätt drop opmierksam gemaach, datt d’Mëttelverdénger eng verhältnisméisseg héich Steierlaascht hätten, sou den CSV-Deputéierten a Co-Rapporter vun der Orientatiounsdebatt Gilles Roth. Dann hätt d’CSL och op Ongerechtegkeeten tëschent der Steierklass 1A an der Steierklass 2 higewisen, op déi een och ouni grouss Reform duerch punktuell Adaptatioune reagéiere kéint.
“Datt een den Agankssteiersaz géing an d’Luucht setzen, dat heescht, datt ee méi spéit géing ufänken, Steieren ze bezuelen, well do och besonnesch eng Entlaaschtung vun der sougenannter Mëttelschicht géing kommen, dass een de Steiertarif géing strecken. Dass Leit mat mëttlerem Akommes net sou séier géifen an déi éischt Tranche falen. An eng Fuerderung, déi mir scho laang gestallt hunn als CSV, dat ass déi, datt een de Steierkredit vun der Steierklass 1A géing an d’Luucht setzen an dass een och déi Iwwergangszäit, wou ee vun der Steierklass 2, dat heescht ee verwitwet ass oder gescheet gëtt, dass een dee vun 3 op 5 Joer an d’Luucht géing setzen.”
Iwwerdeems hätt d’Salariatskammer proposéiert, zousätzlech Steiertranchen anzeféieren, dat geséich d’CSV awer skeptesch. Déi grouss Orientatiounsdebatt iwwert de Lëtzebuerger Steiersystem géing viraussiichtlech Enn 2021, Ugangs 2022 organiséiert ginn.