Grousse "Spiegel"-DateverglachWeltwäit ass Lëtzebuerg no Finnland am beschten duerch d'Pandemie komm

RTL Lëtzebuerg
De "Spiegel" huet Daten aus 154 Länner weltwäit matenee verglach. Heizou ziele Länner, déi iwwer 500.000 Awunner hunn. Lëtzebuerg steet ganz uewen.

Och wann d’Kris natierlech nach net eriwwer ass an a ville Länner d’Zuelen nees méi oder manner unzéien, kann een awer trotzdeem mat den Zuelen, déi ee bis ewell huet, en éischte gréissere Fazit zéien. An hei kënnt Lëtzebuerg dem “Spiegel” no ganz gutt ewech, nëmme Finnland kritt en nach besser Resultat, wann een d’Daten analyséiert.

Bis ewell si weltwäit iwwer 4 Millioune Mënsche schonn um oder mam Virus gestuerwen, esou mellt da d’John Hopkins University. Pro Dag sinn dat bis zu 15.000 Mënschen. Hei muss een awer oppassen, well vill Länner hier Corona-Doudeger net komplett erfaassen.

Fir de Ranking vum däitsche “Spiegel” goufe 4 Facteure festgehalen, déi de sougenannte Stringency Index ëmfaassen. Hei sinn d’Beräicher Gesondheet, Ekonomie a Fräiheet virun allem déi, déi erfaasst ginn. Abezu goufen d’Iwwerstierflechkeet, d’Entwécklung vum PIB, de Progrès vum Impfen an Fräiheetsrestriktiounen. Déi 4 Parametere goufe fir de Verglach gläich staark bewäert, och wann aus ethesche Grënn d’Zuel vun den Doudesaffer bei wäitem de wichtegste Krittär wier.

Berécksiichtegt een also dës Krittären, da kéim Lëtzebuerg ënnert den 154 Länner déi analyséiert goufen op déi 2. Plaz am internationale Ranking vun deene Länner, an deenen d’Regierung am beschten duerch d’Kris komm ass. Nëmme Finnland huet hei en nach bessere Score kritt a kënnt op d’Plaz 1. Hannert Lëtzebuerg leien Norwegen, Dänemark, Taiwan, Singapur a Japan.

Finnland, Dänemark, Estland a Lëtzebuerg sinn dann och déi eenzeg Länner aus der EU, déi ënnert de 16 Länner sinn, déi weltwäit am beschten duerch d’Kris navigéiert sinn. Ofgesi vun Estland, beleeë Finnland, Lëtzebuerg an Dänemark dann och 3 vun den éischte 4 Plazen.

*Dës Statistik mat am ganzen 154 Länner bezitt sech op en Artikel aus dem entspriechenden Online-Artikel vum Spiegel, dës Chifferen tauchen an der Print-Editioun vum Spiegel net op.

Back to Top
CIM LOGO