Coronavirus zu LëtzebuergVu 7.592 Tester waren der 131 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 819 bliwwen ass.
© RTL-Archivbild

Aktuell si 6 Persounen hospitaliséiert, dovunner 1 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 604.188 Impf-Dosisse genotzt. 3.107 Leit kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 1.819 Persoune war et déi 2. Impfung.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 1.355 aktiv Infektiounen. 69.836 Leit gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,36. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO