Piscine EraFréier Escher Schwämm soll nees opliewen

RTL Lëtzebuerg
Den Escher Gemengerot huet eestëmmeg eng Resolutioun ugeholl, fir de Projet vun der Era, der aler oppener Schwämm op der Grenz op de Leescht ze huelen.
Fréier Escher Schwämm soll nees opliewen
Den Escher Gemengerot huet eestëmmeg eng Resolutioun ugeholl, fir de Projet vun der Era, der aler oppener Schwämm op der Grenz op de Leescht ze huelen.

Mat Nostalgie denken haut nach vill Escher un déi fréier Era-Schwämm zréck. Summer fir Summer war an der oppener Piscine beim Schlakentipp vun den Terres Rouges eng lass. Bis d’Installatiounen ugangs 90er Joren iwwerlieft waren. De Site gouf zougemaach. Zanterhier war schonn dacks vun enger Reouverture rieds. E Freideg ass e Steen un d’Rulle komm. De grousse Baseng, dee fir Kanner, d’Vestiairen, den Agang, dat alles soll frësch gemaach ginn, seet den Escher Buergermeeschter Georges Mischo.

FOTOGALERIE vum Domingos OliveiraD’Iddi vun enger Reouverture war scho méi wéi eng Kéier am Ëmlaf. 2005 beispillsweis haten déi Lénk proposéiert, fir an 2 Bassengen nieft der fréierer Schwemm, eng natierlech biologesch Piscine unzeleeën.

Dës Kéier soll d’Nees-Opliewe vun der Piscine bei Esch, Réisseng (Russange) an Audun-le-Tiche, kuerz Era - dann awer eescht ginn. Och d’Gemeng Däitsch-Oth ass mat am Coup. Ëmmerhi läit den Terrain, deen ArcelorMittal gehéiert, op hirem Territoire. Also a Frankräich. Den 19. Juli wäert d’Absichtserklärung vun der Gemeng ënnerschriwwe ginn, erkläert d’Buergermeeschtesch Viviane Fattorelli. Et géif e Comité de pilotage geschaaft. Fir d’Rentrée wéilt ee mat ArcelorMittal kucken, ënner wéi enger Form d’Gemengen den Terrain kéinten iwwerhuelen.

E grenziwwerschreidende Projet fir unzepaken, fir d’Leit, seet de Georges Mischo. Zil wier et 2023 e Konzept um Dësch leien ze hunn.

Ob de de Pojet Era dës Kéier a Realitéit ëmgesat gëtt, muss sech nach weisen. De politesche Wëlle schéngt vu béide Säiten do. Um Finanzielle soll et och net scheiteren, huet den Escher Buergermeeschter betount. Zil wier et 2023 e Konzept um Dësch leien ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO