An der Schoul um Krounebierg zu Miersch gouf nawell en Accueil garantéiert. An der Klass vum Claude Schiltz war moies fréi ee Kand present, dat dem Enseignant gehollef huet, den Ofschlosskaddo fir d’Schüler fäerdeg ze maachen. De Klassekomeroden huet en Donneschdeg missen iwwer e schrëftleche Message oder Telefon Äddi gesot ginn.
„Et war natierlech ganz anescht geplangt, wéi et lo komm ass“, sou de Claude Schlitz, fir deen dësen aussergewéinleche leschte Schouldag awer och e bësse symbolesch fir d’ganz Schouljoer steet. E Joer, an deem duerch d’Pandemie ëmmer nees villes huet misse geännert ginn. Schoulpläng goufen adaptéiert a Schwammstonne verréckelt. Als Enseignant hätt ee Changementer eigentlech ni sou gär, sot de Claude Schiltz, ma dëst Schouljoer hätt ee missen immens flexibel sinn, fir alles hin ze kréien.
Zu Schëffleng, eng Gemeng, déi kaum vun den Iwwerschwemmunge betraff war, konnten d’Kanner dësen Donneschdeg nach eng leschte Kéier virun der grousser Summervakanz an d’Schoul goen. Si, grad ewéi hir Eltere behale ganz schéin an awer och manner positiv Situatiounen aus de leschten 10 Méint zréck. Bedauert gëtt, dass duerch déi sanitär Reegelen Distanz huet misse gehale ginn an ee sech souguer um leschte Schouldag net huet dierfen an den Aarm huelen. Jiddereen hofft op nees méi Normalitéit a keng Maskeflicht fir d’Schoulrentrée am September.