PoliceFoussgänger an der Stad ugedanzt a beklaut

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matgedeelt huet, goufen an der Stad dräi jonk Männer wéinst Déifstall festgeholl.

An der Nuecht vun e Freiden op Samschden ass e jonke Mann an engem Lokal an der Rue Sigefroi vun engem Friemen, deen a Begleedung vun zwou anere Persoune war, ugedanzt an ugepaakt ginn. Wéi e sech dunn mat engem Kolleeg op de Wee bei de Busarrêt an der Rue des Bains gemaach huet, huet e bemierkt, dass seng Auer gefeelt huet.

De Mann huet dunn déi dräi jonk Männer aus dem Lokal gesinn an si op de presuméierten Déifstall vu senger Auer ugeschwat, wouropshi si aggressiv gi sinn an de Mann mat enger ofgebrachener Fläsch menacéiert hunn. Personal an Zeien aus Bare ronderëm sinn den zwee Männer hëllefe komm an hunn d’Ugräifer mat Still op Ofstand gehalen.

Nodeems d’Police déi presuméiert Täter no kuerzer Zäit konnt stellen an immobiliséieren, gouf déi geklauten Auer fonnt an un den eigentleche Besëtzer zréckginn. Déi dräi jonk Männer konnte sech net ausweisen an hunn uginn, mannerjäreg ze sinn. Op Uerder vum Parquet goufen dunn Ermëttlungen ageleet, fir d’Identitéit an den Alter vun de Männer festzestellen. Dobäi ass erauskomm, dass zwee vun de Männer volljäreg sinn, wouropshin de Parquet ugeuerdent huet, si festzehuelen.

Laut Uerder vum Parquet sollt déi mannerjäreg Persoun och an der Unisec ënnerbruecht ginn. Wéinst ze wéineg Plaz ass de Jugendlechen am Centre zu Dräibuer ënnerbruecht ginn, vu wou en an der Tëschenzäit awer nees geflücht ass.

Back to Top
CIM LOGO