Miedernach4 Blesséierter bei engem Feier am Keller vun engem Eefamilljenhaus

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt e gréissert Feier am Keller vun engem Eefamilljenhaus zu Miedernach, dat an der Nuecht op en Dënschdeg géint 1 Auer ausgebrach war.
© Domingos Oliveira

4 Leit goufe blesséiert, 3 vun hinnen hu vun de Pompjeeë mussen evakuéiert ginn, déi aus der ganzer Géigend op der Plaz waren. Vun Dikrech, Waldbëlleg, Noumer, aus der Fiels, vun Iermsdref a vu Konsdref. Och de Samu war am Asaz.

© Domingos Oliveira

Um CR163 tëscht Obeler a Leideleng gouf et en Accident mat 2 Autoen. Hei gouf eng Persoun liicht verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO