HousenMann blesséiert sech bei Aarbechte mat See uerg un der Hand

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moie koum et zu Housen am Industriegebitt Op der Hei zu engem uergen Aarbechtsaccident.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS (Archiv)

Een Aarbechter huet sech bei Aarbechten un enger See fir Holz uerg un enger Hand blesséiert.

No enger éischter Behandlung op der Plaz gouf d’Persoun an d’Klinick transportéiert.

D’ITM war op der Plaz. Iwwert den Accident gouf e Protokoll geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO