OGBL/SEWFuerderung no laangfristeger Covid-Strategie an de Grondschoulen

Claude Zeimetz
An dräi Woche geet d'Schoul un an nach ass net genee gewosst, wéi eng Covid-Reegele fir d'Rentrée gëllen.
© RTL-Archiv

De Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL no leeft et gréisstendeels op dat raus, wat elo schonn en place war. Maskeflicht am Schoulgebai vu 6 Joer un, de Stufemodell mat groussugeluechtem Tracing, Schnelltester a Lëften.

An deem Kontext fuerdert den SEW, et misst zesumme mat all den Acteuren e richtegen Dialog gefouert ginn an endlech eng laangfristeg Covid-Strategie fir d’Grondschoulen komme fir déi Schüler, déi jo bis ewell nach net geimpft kënne ginn.

Den SEW rechent dermat, datt och dës Kéier den Educatiounsministère nees a leschter Minutt kuerz virun der Rentrée matdeelt, wéi eng Mesuren dann a kuerzer Zäit mussen ëmgesat ginn.

Schüler a Léierpersonal misste sech wuel waarm undoen, wa se nees bei oppener Fënster an der Keelt do sëtze mussen. Zejoert wieren zum Beispill d’Loftfilteren séier verworf ginn, well se ze deier wieren an e falsch Sécherheetsgefill vermëttele géifen. Wat d’Enseignantsgewerkschaft net versteet.

Donieft hätt d’Gewerkschaft gär, datt ënnersicht géif ginn, wat d’Maskeflicht an d’Distanzreegele vu laangfristegen a psychologeschen Auswierkungen op d’Kanner hunn. Och den Drock, dee Quarantänen a “Mise à l’écart” mat sech brénge kënnen, sollt net miniméiert ginn.

PDF: Communiqué SEW/OGBL

Back to Top
CIM LOGO