
Dem Educatiounsminister Claude Meisch seng Annonce, datt d’Schoulflicht vu 16 op 18 Joer an d’Luucht geet, koum iwwerraschend, notamment fir de sozialistesche Koalitiounspartner.
D’LSAP-Deputéiert Francine Closener hat e Méindeg an hirer fräier politescher Tribün hei op der Antenne d’Fro opgeworf, wat de liberale Minister eigentlech mat där Annonce gemengt huet. Si wollt wëssen, ob et ëm eng Ausbildungsflicht géif goen, esou wéi se och am Koalitiounsaccord steet a se huet kloer gestallt, datt en Unhiewe vum Pensiounsalter duerch déi hënnescht Dier mat hirer Partei net géif a Fro kommen.
Fir dat ze klären, waren en Dënschdeg den Owend d’Fraktioune vun der DP, der LSAP an deene Grénge beieneen an do goufen déi Bedenken - eisen Informatiounen no - esou wäit aus dem Wee geraumt.
Et gouf präziséiert, datt Schüler weiderhi scho mat 16 Joer eng Ausbildung kënne maachen an net bis 18 Joer mussen an d’Schoul goen.
De Regierungspartner konnt deemno no der Annonce vum Minister an der Ëffentlechkeet berouegt ginn, ma d’LSAP wëll den Dossier awer en Donneschden an e Freiden op hirer Journée parlementaire am Detail duerchhuelen.