Tëscht Féiz a SteebréckenDéidleche Verkéiersaccident um Mëttwoch den Owend
Géint 21.10 Auer ass en Automobilist um CR169 op der Héicht vun engem Bauerenhaff an enger Lénkskéier vun der Strooss ofkomm an an e Bam gerannt.
No der Kollisioun mam Bam ass den Auto an eng Wiss geschleidert ginn. De 24 Joer jonke Chauffer souz eleng am Auto. Hien ass nach op der Plaz u sengen uerge Blessure gestuerwen.
De Parquet huet d’Police judiciaire mat enger Enquête befaasst an eng Autopsie vum Verstuerwene gefrot.
Op der Plaz waren de Samu, d’Pompjeeë vu Monnerech a Schëffleng, grad ewéi d’Ambulanz vun Esch.
Et war den 3. déidlechen Accident bannent just 5 Deeg.
D’Streck, den Dag nom Accident. © Domingos Oliveira /RTL
D’Streck, den Dag nom Accident.
D’Streck, den Dag nom Accident. © Accident mortel (22.09.2021)
D’Streck, den Dag nom Accident. © Domingos Oliveira /RTL
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.