Stater Oppositiounsparteie kritiséieren Asaz vu Sécherheetsfirma op der Gare

© Screenshot
Ënnert anerem hunn LSAP, déi Lénk an déi Gréng sech un d'Inneministesch Taina Bofferding adresséiert.
D'Oppositiounsparteien LSAP, déi Lénk an déi Gréng aus dem Stater Gemengerot mobiliséieren op en Neits géint den Asaz vun enger privater Sécherheetsfirma op der Gare. Déi 3 Parteien hu sech en Dënschdeg, nom neisten Tëschefall mat engem Hond, nach emol via Bréif un déi sozialistesch Inneministesch Taina Bofferding adresséiert a froe si eng weider Kéier, fir ze intervenéieren, fir datt d'Gemeng d'Konventioun mat G4S direkt kënnegt.
Déi Konventioun wier verfassungswiddreg an illegal an d'Beamte vun der Sécherheetsfirma géifen Aufgaben iwwerhuelen, déi u sech guer net vum Kontrakt an der gesetzlecher Basis ofgedeckt sinn.
LSAP, déi Gréng an déi Lénk wëllen och an deem Sënn am nächste Gemengerot e Méindeg eng Motioun deposéieren.
Den dräi Parteien ass och d'Ausso vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer bei eis op der Antenn sauer opgestouss, déi gemengt hat, d'Leit am Garer Quartier sollte soen, ob si eng Sécherheetsfirma wëllen oder net. Sou lokal Referendumen, fir géint national Gesetzer ze verstoussen, missten dach och vun der Inneministesch als inacceptabelt Behuele vun enger Buergermeeschtesch jugéiert ginn, schreiwen Tom Krieps, Guy Foetz a Christa Brömmel.