D'Gesondheet vun de Flëss ass e wichtege Schutz virun Iwwerschwemmungen

© Bild von ubcmio auf Pixabay
Virum Dag vun de Flëss de 26. September zitt d'Waasserwirtschaftsamt een erschreckende Bilan iwwert eis national Flëss a warnt virun de Konsequenzen.
Deemno sinn 51% vun eise Waasserleef an engem mëttelméissegen, 23% an engem onbefriddegendem an 20% souguer an engem schlechten Zoustand. Den Direkter vun der Waasserverwaltung Jean-Paul Lickes nennt als ee vun de Problemer, dass vill Leef vun de Gewässer uechter Europa duerch de Mënsch aus praktesche Grënn kontrolléiert ginn, ma an der Realitéit hëlleft et Mënsch an Natur souguer méi, wann d'Waasser säin natierleche Laf huet.
Fir dee Problem ze léisen an de Risiko fir Héichwaasser an Zukunft ze limitéieren, lafen am Moment zwee gréisser Projeten, fir Flëss rëm ze renaturéieren, dat un der Uelzecht tëscht der Stad a Miersch an un der Péitruss an der Stad. Zanter 2001 goufen eng ganz Partie sou Projete realiséiert
Fannt hei de ganze Communiqué mat all den Detailer fir nozeliesen.