Coronavirus zu Lëtzebuerg
Vun 2.103 Tester waren der 74 positiv
© RTL
D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, weider bei 835 läit.
Aktuell sinn 24 Persounen hospitaliséiert, dovunner 8 op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 781.851 Impf-Dosisse genotzt. 340 Leit kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 357 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,07. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
Am meeschte gelies