SyvicolMinistère soll Informatik-Material fir d’Grondschoul bezuelen

Pit Everling
Wéi vill investéieren d'Gemengen an informatescht Material fir Schoulen? Dat wollt de Syvicol wëssen an huet an deem Sënn bei de Gemengen de Bols gefillt.

Informatik-Material fir d’Grondschoul / Rep. Pit Everling

Wat do virun allem opfält, ass, datt et grouss Ënnerscheeder tëschent de Gemenge gëtt.

Laptop, Tablet a sou weider spillen och an de Grondschoulen eng ëmmer méi wichteg Roll. Wat kascht dat Material, wat kaschten den Entretien an d’Berodung? Ënner anerem déi Froen huet de Gemengesyndikat Syvicol de Gemenge gestallt. E Méindeg am Comité goufen d’Resultater presentéiert.

83 Gemengen, déi méi wéi 90% vun de Schüler representéieren, hu bei der Enquête matgemaach a wësse gedoen, wéi vill si zënter 2018 an informatescht Material fir Schoulen investéiert hunn.

Mir kommen op 28 Milliounen € an de leschten 3 Joer, erkläert de President Emile Eicher.

70% vun de Gemengen hu geäntwert, datt se pro Joer tëschent 50 an 250€ pro Schüler ausginn. Wat awer besonnesch opfält ass, datt dat an de verschiddene Gemenge ganz ënnerschiddlech gehandhaabt gëtt:

Souguer am Grupp, wou déi mannsten Differenze sinn, huet een nach ëmmer vum einfache bis dat Dräifacht, wat d’Gemengen investéieren. A verschiddene Gruppen ass et souguer dat Fënnef- bis Sechsfacht.

Zemools an de klenge Gemenge géif eng grouss Heterogenitéit constatéiert ginn, heescht et vum Syvicol. Net all Kand kritt also déi selwecht informatesch Moyenen zur Verfügung gestallt. Allgemeng verlaangt de Syvicol do eng besser national Koordinatioun, och wat de Choix vum Material ugeet.

Dofir wier wichteg eng eenheetlech Linn fir d’ganzt Land ze kréien, wat d’Notzung an och d’Material selwer ugeet.

An do ass et fir de Syvicol kloer, datt dat d’Roll vum Educatiounsministère muss sinn an dee Ministère soll och fir d’Käschten opkommen. Eng Revendicatioun, déi de Gemengesyndikat iwwregens scho méi laang stellt.

Mir sinn der Meenung, datt dat do pedagogescht Material ass wéi d’Schoulbicher. Dat ass ganz kloer dem Ministère seng Aufgab.

D’Situatioun géing ëmmer méi urgent ginn, sou nach den Emile Eicher. An der Pandemie hätt ee schonn an de Schoule gesinn, datt déi eng Gemengen - digital gesinn - deenen anere staark iwwerleeë waren.

Den nationale Rettungsplang, de sougenannte PNOS, ass op senger leschter Ligne droite. Verschidde Gemenge bekloen sech awer beim Volet Finanzement vum CGDIS. D’Gemengekeese géifen eventuell ze staark belaascht ginn.

De Syvicol huet nach emol op dee Problem verwisen, virun allem no engem Abroch vun de Keesen a Coronazäiten.

Dat géif net géint de CGDIS goen, an et géif een d’Entwécklung vun dësem och weider ënnerstëtzen, sot de Syvicol-President Emile Eicher, mä iwwert d’Finanzéierung misst ee kënnen diskutéieren.

Back to Top
CIM LOGO