
Och viru Gewalt, déi vum Enseignantspersonal kann ausgoen, respektiv vun all Erwuessenen, dee mat de Kanner schafft.
Zu Lëtzebuerg kann do nach méi gemaach ginn, fënnt den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher – kuerz OKaJu – an huet Recommandatiounen ausgeschafft.
Et geet ëm Preventioun, Interventioun a Mediatioun. Zum Beispill proposéiert den OkaJu e Beruffskodex, en Deontologie-Code fir d’Enseignanten, eng Vertrauenspersoun an all Gebai, un deen déi Jonk sech kënnen adresséieren, e sougenannten “Child protection officer” a kloer Prozeduren, fir eppes ze mellen oder wéi reagéiert soll ginn, wann eppes gemellt gëtt.
Et geet net nëmmen ëm Gewalt, déi strofrechtlech Poursuitte kann hunn, mä ëm all Form an dat ass deels en Tabu an doriwwer gëtt net ëmmer geschwat, seet den Ombudsman Charel Schmit.
“Et ass e Sujet, deen onbequem ass an deen institutionell net ëmmer ugeschwat gëtt. Dofir plädéiere mir derfir, datt all Ariichtung sech eng “Child protection policy” gëtt an en “Child protection officer”, fir datt all Member vum Personal dat kennt. Mir kennen an eisen Ariichtungen alleguer de Sécherheetsplang, wann et brennt. An do gëtt eemol am Joer eng Übung gemaach. An deem heite Beräich si mer vill méi lues ënnerwee an d’Prozeduren an d’Protokoller sinn net sou kloer.”
D’Recommandatioune vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher gëllen och fir de Fräizäitberäich, zum Beispill de Sport.
Den OkaJu wëll all d’Erwuessener, déi mat de Kanner schaffen, fir d’Problematik sensibiliséieren.