
De Minister hat an de leschten Deeg separat Entrevuë mat de verschiddenen Acteuren aus der Schoulcommunautéit. De CovidCheck-System soll awer punktuell fir Reuniounen an den Asaz kommen. D’Schoulflicht an d’Recht op Bildung missten ëmmer dominéieren, sou de Minister. Déi Meenung géif och vu Gewerkschaften, Direktiounen, Elteren a Schüler gedeelt ginn.
Eng Recommandatioun an deem Sënn ass un all d’Direktiounen am Land, vun de Lycéeën, de Grondschoulen an de Kompetenzzenteren erausgaangen. Et wier wichteg gewiescht, allgemeng Reegele festzehalen, déi sech op all Gebaier am Land applizéieren, sou de Claude Meisch, deen de Gewerkschaften an deem Sënn entgéintkomm ass, datt Persoune sech fir déi Concertatiounen oder aner Reuniounen och kënne vu baussen zouschalten, fir esou also net mussen ënnert de CovidCheck ze falen.
Bei Plenièren am Lycée soll awer iwwert de CovidCheck eng obligatoresch Presenz assuréiert ginn. Dem Minister no misst ee virun allem pragmatesch virgoen och bei der Kontroll. Virun allem wier e géigesäitegt Vertraue wichteg.
Allgemeng wier déi sanitär Situatioun den Ament nach ënner Kontroll an de Schoulen, och wann d’Infektiounszuele besonnesch an der Grondschoul an der Lescht geklomme sinn.
De Stufeplang géif gräifen. Eng Verschäerfung vun der Maskeflicht am Klassesall oder nei Restriktiounen hält de Claude Meisch bis Chrëschtdag den Ament net néideg.
2.152 Schüler a Schülerinnen hu bei der Impfcampagne an de Lycéeë matgemaach.
