EducatiounsministèreSemester-System an de Lycéeë kéint bäibehale ginn

RTL Lëtzebuerg
Am Educatiounsministère gëtt den Ament driwwer nogeduecht, de Semester-System bäizebehalen.
Trimester oder Semester?
Am Educatiounsministère gëtt den Ament driwwer nogeduecht, de Semester-System bäizebehalen.

An allen Lycéeë goufe wéinst der Corona-Kris d’Trimesteren duerch Semesteren ersat. Mat dësem Regime wollt ee sech an der Pandemie méi eng grouss Flexibilitéit ginn, an och de Prüfungs-Drock erofschrauwen. D’Enseignants-Gewerkschaft FEDUSE gesäit d’Pläng, de Semester-System bäizebehalen, awer éischter kritesch.

De Semester-Regime géing eng Rëtsch Virdeeler mat sech bréngen, heescht et an engem internen Dokument, an dowéinst géing een envisagéieren, fir d’Semester bäizebehalen. Dat géing natierlech och bedeiten, datt d’Zuel vun de Prüfunge misst ugepasst ginn, seet den Educatiounsminister Claude Meisch.

D’Proffe-Gewerkschaft FEDUSE gesäit grad bei den Tester e Problem. Manner Prüfungen heescht net onbedéngt manner Prüfungsdrock.

Wann ee Schüler am éischte Semester schlecht ofschneit, hätt hie just nach eng Chance, fir sech ze rattrapéieren, seet de Raoul Scholtes vun der FEDUSE. Am Trimester-Regime hätt een dogéint zwou weider Chancen, fir seng Joresmoyenne ze verbesseren. E weidere Problem gëtt et wat d’Prüfungszäiten ugeet. An engem Semester-Regime géingen dës Perioden hannert d’Vakanze falen.

Wann d’Semester sollten agefouert ginn, da wuel zesumme mat eng System, deen et dem Schüler besser erlaabt, fir seng Notte permanent am Aen ze behalen. An eenzele Schoule leeft e Pilot-Projet, wou dëse System schonns fonctionéiert.
Nach wär näischt decidéiert seet den Educatiounsminister an et wär een och bereet, fir mat de Proffen, Schüler an Elteren iwwert esou en Changement ze diskutéieren.

Back to Top
CIM LOGO