Dat sot den Educatiounsminister Claude Meisch en Donneschdeg de Moien um Bord vun enger Pressekonferenz.
D’Infektiounszuelen an der Grondschoul wären héich, dat war och virauszegesinn, well d’Schüler ënner 12 Joer nach net geimpft sinn. Et géif awer keng exponentiell Hausse ginn.
D’lescht Woch gouf et 644 positiv Fäll an der Grondschoul, déi Woch virdru waren et der 612. Am Lycée ginn et däitlech manner Fäll – 237 Infektiounen d’lescht Woch - well 70 Prozent vun de Schüler geimpft sinn. D’Impfung géif also och derzou bäidroen, d’Schoulen opzehalen. An deem Sënn bedauert de Minister e bëssen den Avis vum Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses (CSMI), deen d’Impfung aktuell net allgemeng fir d’Kanner ënner 12 Joer recommandéiert.
Et gëtt och jee no Schoul a Regioun grouss Ënnerscheeder bei den Infektiounen. E Freideg soll eventuell en Tableau mat den Infektioune jee no Regioun verëffentlecht ginn, wann de Regierungsrot do dermat d’Accord ass. De Minister erënnert och drun, datt vum 1. Fall un an enger Klass eng Maskeflicht fir eng Woch laang gëllt. Do, wou de Virus méi zirkuléiert, misst een also automatesch méi de Mask unhunn.
An der Grondschoul gëtt den Ament och méi intensiv getest an zwar all Dag. Op eng Testflicht ugeschwat, sot de Claude Meisch, datt 90 Prozent vun de Schüler bei den Tester an der Grondschoul matmaachen. Mat enger Testflicht géif ee riskéieren 10 Prozent vun de Schüler vum Unterrecht auszeschléissen.
D’gratis Iessen an de Maison-Relaisen oder Schoulkantinne kënnt net wéi ufangs geplangt den 1. Januar, mä eréischt fir d’Rentrée am September d’nächst Joer.
Et dréit een do dem Avis vum Staatsrot Rechnung, huet de Claude Meisch en Donneschdeg de Moien annoncéiert.
D’Regierung plangt jo, d’Iessen an de Schoulkantinnen an der Grondschoul mä och am Lycée fir Famille mat klengem a mëttlerem Akommes gratis ze maachen. Véier Mol de Mindestloun als iewescht Pai ass geplangt. De Staatsrot hat dat kritiséiert, och datt Famillje, wou d’Kanner doheem iessen, keng finanziell Ënnerstëtzung kréien.
Den Educatiounsminister Meisch wëll awer un de geplangte Modalitéite festhalen, mä wéi gesot soll et dat gratist Iessen eréischt vun der nächster Schoulrentrée u ginn.
Op der Pressekonferenz gouf awer och den neiste Bildungsrapport presentéiert. E Rapport, dee gesetzlech virgeschriwwen ass, an deen onofhängeg Experte vun der Uni Lëtzebuerg duerchgefouert hunn, fir d’Qualitéit vum nationale Schoulsystem ze analyséieren.