Ass d’Lëtzebuerger Schoul prett fir d’Zukunft?Eng Äntwert dorobber soll den nationale Bildungsbericht liwweren. En Donneschdeg ass déi 3. Editioun presentéiert ginn. D’Regierung gëtt dee Rapport all 3 Joer bei der Uni an Optrag, fir datt ka saachlech iwwer d’Schoul debattéiert ginn. Eng Conclusioun: d’Ongläichheeten an der Schoul hu sech nach verstäerkt. Schüler, déi souwisou scho benodeelegt waren, musse speziell ënnerstëtzt ginn. Dat geet aus dem nationale Bildungsbericht 2021 ervir.
D’Inegalitéite sinn sech awer och iwwer Corona eraus méi grouss ginn. Den nächste Bildungsrapport wäert weisen, ob déi ëffentlech, international Schoulen deem kënnen entgéintwierken.
D’Digitaliséierung war och e Schwéierpunkt am Rapport. De gudden Ekipement vun de Schoule konnt d’Konsequenze vun der Pandemie offiederen. D’Kompetenze vun de Schüler kënnen awer nach verbessert ginn.
E weidere Fokus: eng Educatioun fir nohalteg Entwécklung. Hei ginn et gutt Projeten, mä nach kee flächendeckende Programm an de Schoulen.
Den Educatiounsminister Claude Meisch huet annoncéiert, datt ee weider u faire Bildungschancë schafft. Ënnert anerem mat enger méi breeder Schouloffer a 6 ëffentlech, internationale Schoulen, d’nächst Joer kënnt eng 7. an der Stad derbäi. Enn d’nächst Joer wäert och eng éischt Evaluatioun vun dësem internationale Schoulsystem kënne presentéiert ginn.
D’Regierung gëtt de Bildungsbericht all 3 Joer bei der Uni Lëtzebuerg an Optrag. Et ass elo schonn den 3. Rapport, dee presentéiert gouf. Ass d’Lëtzebuerger Schoul prett fir d’Zukunft? Dat ass déi grouss Fro, wou de Rapport faktebaséiert soll eng Äntwert drop ginn. D’Digitaliséierung, déi nohalteg Entwécklung an natierlech d’Coronapandemie stoungen des Kéier am Fokus.Iwwer 70 Fuerscher hunn um Rapport matgeschafft.