
Rieds geet - eise Sourcen no - vun engem Taux vu 15% vun Enseignanten, déi Covid-positiv sinn an duerfir isoléiert sinn a kee Cours kënnen halen.
RTL-Informatiounen no schwätzt den Educatiounsministère selwer vun enger Situatioun, déi “beonrouegend” ass.
Eng vun den direkte Mesuren, déi geholl gëtt, ass, datt Schoul-Ausflich sollen annuléiert ginn.
En entspriechende Bréif vum Ministère un d’Zentrumsdirektioun vum Fondamental läit eis vir, wou eng geplangt Rees a Frankräich gefrot gëtt z’annuléieren.
Fir sech mat de Gewerkschaften iwwer d’aktuell Covid-Situatioun an de Schoulen z’echangéieren, kënnt e Mëttwoch och de Minister Meisch mat de Syndikatsvertrieder beieneen.