Educatiounsminister confirméiertVerschidde Kanner gi wéinst de Mesuren doheem enseignéiert

RTL Lëtzebuerg
Et gi Fäll vu Schüler an der Grondschoul, wou d'Elteren decidéiert hunn, datt si wéinst de Restriktiounen an der Schoul sollen doheem enseignéiert ginn.

Den Educatiounsminister Claude Meisch confirméiert op eng urgent parlamentaresch Fro vun der grénger Fraktiouns-Presidentin Josée Lorsché, datt et am Land isoléiert Fäll ginn, an deenen d’Elteren d’Decisioun getraff hunn, datt hir Kanner wéinst de Mesuren an de Schoulen net um normalen Unterrecht deelhuelen.

Wéi et heescht géifen et zwou Zorten Elteren, déi hir Kanner doheem enseignéieren a se net wëllen an d’Schoul goe loossen: deenen enge sinn d’Mesuren an de Schoulen ze strikt, deenen aneren ze souple.

De Minister preziséiert, datt et d’Regional-Direktioune sinn, déi iwwert eng Demande fir d’Schoulhalen doheem, kompetent sinn an och driwwer decidéieren. Duerfir mussen awer eng ganz Rëtsch Konditioune vun den Elteren agehale ginn, datt de Schüler och deen néidegen Encadrement ginn ass, wéi et eeben och an der Schoul de Fall wier.

Wann dat net kéint vun den Elteren assuréiert ginn, géifen d’Kanner d’office an der Schoul vun der Uertschaft ageschriwwe ginn, wou se wunnen. Domat géif dann och d’Schoulflicht assuréiert ginn. Wat genee de Minister ënner “isoléierte Fäll” versteet a wéi vill Kanner vun hiren Elteren doheem enseignéiert ginn, léisst de Minister net wëssen.

Back to Top
CIM LOGO