
D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
An de leschten Deeg si véier weider Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d’Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 938.
Bannent de leschten 72 Stonne goufen et 4.425 positiv Fäll bei 13.543 Tester. Dës Zuel gouf aus de Grafike geholl, well d’Date vun den PCR-Tester sech hei vun deenen aus dem Dagesrapport ënnerscheeden.
546 nei Fäll goufen e Sonndeg registréiert. E Freideg waren et der 2.275, e Samschdeg 1.604. E Sonndeg louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 141,83 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 61,73 op 100.000.
Den Ament sinn 72 Persounen hospitaliséiert, dovunner 20 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.150.376 Impf-Dosisse genotzt, 451.905 Leit gëllen als komplett geimpft.
Aktuell ginn et 20.843 aktiv Infektiounen, 101.563 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,10. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.