Froestonn an der ChamberDe Claude Meisch gëtt Detailer zu de Krankschreiwungen an der Schoul

Carine Lemmer
Et ass en akuten Challenge, fir mat de villen Ausfäll an der Schoul eens ze ginn, sot den Educatiounsminister an der Chamber.
© afp

An awer wier d’Situatioun zanter der Vakanz relativ konstant. Dat sot en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber de Claude Meisch.

De Sven Clement, Deputéierte vun de Piraten, wollt an der Froestonn un d’Regierung Explikatiounen iwwer d’Covidfäll an de Schoule gewuer ginn.

Stand Méindeg hunn an der Grondschoul knapps 10 Prozent vum Personal gefeelt. Et gouf 221 covid-bedéngten Ausfäll. 85 Enseignanten hate Congé pour raisons familiales, 136 hu selwer eng Infektioun. 80 Léierinne si fräigestallt, well se schwanger sinn an 334 Enseignanten si krank geschriwwen. Am ganze sinn dat also eng 9,74 Prozent.

Am Lycée feelen aktuell 8,5 Prozent vun de Proffen. 274 wéinst Covid an 198 wéinst anere Krankheeten. Et wär effektiv en Challenge, gëtt den Educatiounsminister zou. Dat wär awer net ganz nei. Am Januar a Februar géif et ëmmer vill Krankschreiwunge ginn. Bis op e puer Ausnamen hätt een dat gutt opgefaange kritt. Zousazpersonal ass am Asaz, Enseignante maachen Iwwerstonnen. Kee Personal wär aus dem Congé zeréckgeruff ginn.

An der Grondschoul hätt nach keng Klass missen an den Homeschooling geschéckt ginn, well Léierpersonal gefeelt hätt. Am Lycée waren et bis ewell véier Klassen.

D’lescht Woch ware 34 Klassen a Quarantän. Dat ass ëmmer dann, wann et sechs Fäll oder méi an enger Klass ginn.

“Wéi een Impakt huet den 3G op der Aarbechtsplaz an de Schoulen?”, wollt de Pirat Sven Clement nach wëssen. Dat wär éischter marginal, huet de Minister geäntwert. E Méindeg hätten an der Grondschoul eelef Léierinnen a Schoulmeeschtere gefeelt, en Dënschdeg waren et der fënnef. Am Lycée haten e Méindeg siwe kee valabele QR-Code, en Dënschdeg der nach dräi.

Extrait Claude Meisch

De Minister sot nach weider an der Chamber, op eng Fro zur Situatioun an de Crèchen a Maison-relaisen, datt de Virus den Ament effektiv iwwerall wier. Et géif een de Virus net onkontrolléiert lafe loossen, mä iwwer e breeden Testing, Schnelltester op d’mannst 3 Mol d’Woch, op ville Plaze méi dacks wéinst positive Fäll, Infektiounen erausfëschen. Dat wär an der aktueller Situatioun méi sënnvoll wéi konsequente Contacttracing. Den Tracing wär wéinst de ville Fäll de Moment net ëmmer méiglech.

Am Cycle 1 gëtt vun e Freideg u verstäerkt getest

Am Cycle 1 – also der Spillschoul – gëtt vun e Freideg (21. Januar) un och de verstäerkten Testing agefouert.

Dat heescht vun engem positive Fall u maachen d’Kanner eng Woch laang all Dag e Schnelltest, wann d’Elteren hir Erlabnis dofir ginn. Dat awer doheem, net an der Klass. Den Enseignant test sech och all Dag.

Als Konsequenz gëtt et bei engem positive Kontakt an der Schoul keng Quarantän méi, ausser déi Tester gi refuséiert.

De regulären Testing sinn 3 Schnelltester d’Woch, déi och doheem gemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO