
D’Zuele schwätzen eng kloer Sprooch. Déi aktuell Omikronwell mécht Schoulhale plazeweis extrem schwéier. Virun deem Hannergrond melle sech op en Neits besuergten Elteren zu Wuert. Ma grad wéi d’Gesellschaft am Allgemenge sinn och d’Elteren ënnertenee gespléckt. Eent ass sécher, déi sanitär Situatioun veronséchert déi eng méi wéi déi aner.
Et wier ganz schwéier mat jidderengem op e gemeinsamen Nenner ze kommen, seet de President vun der nationaler Elterevertriedung Alain Massen. Am Kontext Covid dierft een net nëmmen de medezineschen Impakt kucken, mä och psychologesch a pedagogesch Consideratioune consideréieren. No zwee Joer wier een, dem Alain Massen no, op eng Punkt ukomm, wou een en Equiliber misst fannen.
“Mir kënnen net permanent an enger Angscht liewen an déi Angscht als Erwuessener un eis Kanner weider ginn. Kanner maache sech Suergen, wann hir Eltere sech Suerge maachen. Duerfir sinn ech der Meenung mir sollten déi ganz Saach e bëssche méi nuancéiert ugoen. Déi Mesuren en place setzen, déi sënnvoll sinn, déi eppes bréngen. Mir mierke jo awer, datt Kanner am Prinzip awer wéineg krank ginn.”
Méi Suerge maache sech dogéint besonnesch mat Bezuch op schwéier Verleef a Long-Covid eng Partie Elteren, déi sech via e Facebookgrupp zesummefonnt hunn an d’lescht Woch zu 5 en oppene Bréif mat engem Froekatalog un de Claude Meisch an d’Paulette Lenert adresséiert hunn. D’Veterinärin Marthe Schmit ass eng vun den Initiateuren. Si ass an der Stater Elterevertriedung aktiv, déi scho viru Chrëschtdag méi streng Mesurë gefrot hat a bleift och haut bei hire Bedenken.
“Wann awer sou allgemeng mat den Elteren, déi sech awer och opkläre mat all deem wat och elo ufänkt gewosst ze sinn iwwer Long-Covid d’ailleurs och bei de Kanner. Dat heescht do ass nach ganz vill net gewosst, mä d’Indicateuren, déi do sinn, sinn awer net ganz encourageant. Déi maachen awer, datt déi Leit sech Suerge maachen.”
De Reproche vun der Durchseuchung, deen an der Lescht méi dacks geäussert gouf, deelt den Alain Massen net. An der Schoul wiere jo awer eng Partie sanitär Mesuren en place an de Virus wier einfach iwwerall.
“Ob d’Kanner dat elo kréien an der Schoul oder ob dat vun doheem aus kënnt, well et och vill Erwuessener gëtt, déi positiv sinn. Datt et schwiereg ass ze soen, datt hei eng Duerchseuchung geschitt, déi iergendwéi gesteiert wier oder gewollt wier. Do hu mer awer Schwieregkeeten dat esou ze gesinn.”
Ee Reizthema sinn a bleiwen d’Loftfilteren. Zanter Méint, virop vun den Enseignantsgewerkschafte gefuerdert, bleift d’Regierung retizent. En attendant si vereenzelt Gemenge wéi Bartreng, Käerch an d’Stad Lëtzebuerg eleng op de Wee gaangen. Chancëgläichheet fir all Kanner gesäit anescht aus. Fir d’Marthe Schmit wiere Loftfiltere kloer awer eng zousätzlech Sécherheetsmesure.
“E Loftfilterapparat ass sécher ee vun deene Facteuren. Dat ass ganz sécher. Soss géife mer jo och net wëlle Lëften. Den Ënnerscheed tëscht dem Lëften an dem Loftfilter ass, datt de Filter permanent funktionéiert an net waarde muss, datt en CO2-Miessgerät do ass, fir eng Indicatioun kënnen ze ginn.”
Wa Loftfilteren installéiert ginn, da wgl. awer am ganze Land, seet déi national Elterevertriedung. Et kéint ee jo mat deene Säll ufänken an deene richteg Lëfte schwiereg ass.
Open letter to the Ministries of Education and Health of Luxembourg
Introduction in LUX - FR - EN Luxembourg, 25-01-2022
Duerch dat séiert Verbreeden vun der Virus-Variant Omikron as d’Situatioun an de lëtzebuerger Schoulen ganz besuergniserregend. D’Zuel vun de positive Fäll klëmmt all Dag.
Et schéngt wi wann de Ministère de l’éducation nationale an de Ministère de la Santé zwee wichteg Aspekter vun der Pandémie net gingen berücksichtigen:
a) De Risiko vun engem schwéiere Verlaaf fir d’Kanner an d’Léierpersonal/d’Proffen an hier Famillen, souwéi déi méigléch Konsequenzen vu Long-Covid
b) D’Tatsaach dass duerch di vill nei Fäll ënnert dem gesamten Schoulpersonal de Risiko vun engem Qualitéitsverloscht am Enseignement entsteet
Duerfir denke mir dass et elo Zäit as fir ze reagéieren, fir séch mat aner Elteren an dem Schoulpersonal zesummenzedin an e Bréiw ze veröffentlichen, den d’Regierung net kann an net soll ignoréieren.
Marthe Schmit
Marie Parlevliet
Irene Schildbach
Laurent Kneip
Ida Gyurian
Philippe Kirsch
FR
La situation actuelle dans les écoles de notre pays est très préoccupante, en raison de la propagation rapide de la variante Omicron. Le nombre de cas positifs augmente chaque jour. Cependant, le Ministère de l’Éducation et le Ministère de la Santé ne semblent pas avoir pris en considération deux aspects importants de la pandémie :
a) le risque de maladie grave pour les enfants et les enseignants, ainsi que pour leurs familles, et les conséquences potentielles de Long COVID;
b) le fait qu’ en raison du nombre élevé de nouveaux cas, il y a maintes absences parmi les enseignants et les autres membres du personnel des écoles, ce qui pose un vrai problème voire un risque pour la qualité de l’enseignement offert aux élèves.
Nous sommes donc d’avis qu’il est grand temps d’agir et de nous unir entre parents et enseignants. Voici pourquoi nous publions cette lettre ouverte que le gouvernement ne devrait pas pouvoir ignorer.
Marthe Schmit
Marie Parlevliet
Irene Schildbach
Laurent Kneip
Ida Gyurian
Philippe Kirsch
EN
The current situation in schools in our country is very worrying, due to the rapid spread of the Omicron variant. The number of positive cases is increasing daily. However, the Ministry of Education and the Ministry of Health do not seem to have taken into consideration the following two important parameters:
a) the risk of serious illness for children and teachers, as well as their families, and the potential consequences of Long COVID;
b) the fact that, due to the high number of new cases, there are a lot of absences among teachers and other members of the staff at schools, and this poses a risk to the quality of education offered to students.
So, we believe that it is time to react, unite with other parents and teachers, and go public with a letter that the government cannot, and should not, ignore.
Marthe Schmit
Marie Parlevliet
Irene Schildbach
Laurent Kneip
Ida Gyurian
Philippe Kirsch