École Internationale Gaston Thorn6. agreéiert Europaschoul kënnt op de Geesseknäppche an op Zéisseng

Claudia Kollwelter
Am September geet zu Lëtzebuerg déi 6. agreéiert Europaschoul op, an déi éischten an der Stad Lëtzebuerg.

Ecole internationale Gaston Thorn” esou heescht déi an tëscht scho 6. agreéiert Europaschoul am Land, déi am September hir Dieren um Geesseknäppchen wäert opmaachen. Déi nei Schoul an hiert Konzept goufen e Mëttwoch der Press presentéiert. De Fokus läit op der Méisproochegkeet an engem pedagogesche Konzept mat 3 Pilieren.

Europaschoul Gaston Thorn / Reportage Claudia Kollwelter

Mir géifen an enger ganz diverser Gesellschaft liewen an dofir bräicht een och eng Schouloffer, déi sou divers wéi néideg ass, huet den Educatiounsminister Claude Meisch betount. An do ass d’Méisproochegkeet natierlech net ewechzedenken. An der neier Europaschoul an der Stad sollen d’Schüler dann och de Choix hunn zum Beispill wat fir eng éischt Sprooch se um Niveau vun der Mammesprooch wëlle léieren. An awer och wéi eng Friemsproochen een dobäi wëll léieren an op wéi engem Niveau. Par Rapport zu eisem traditionelle System ass dëst genee sou méisproocheg ass, mä wou se méi flexibel ass. Domat kënnen mer de Sprooche vun de Schüler méi no kommen.

Bleiwe mer dann mol nach bei de Sproochen, wou och d’Lëtzebuergesch seng Plaz wäert hunn. Am Primär huet se hir Presenz obligatoresch an och an den éischten 3 Joer am Secondaire. An dono och als Optioun. All Schüler, deen also keen Lëtzebeurgesch doheem oder mat Gläichaltregen léiert, léiert et hei an der Schoul.

Donieft gouf awer och un engem pedagogesche Konzept geschafft, wat op dräi Pilieren berout. Engersäits der Demokratie, also déi geliefte Participatioun vun de Schüler*innen am Schoulalldag, fir och do ze léieren, zesummen ze kommen, zesummen eppes auszeschaffen a sech anzebréngen an d’Schoul weider ze bréngen.

Donieft gëtt och an der neier Europaschoul e Fokus op d’Digitalisatioun an déi digital Kompetenzen gesat, mä och d’Kreativitéit vun de Schüler soll gefërdert gi mat engem Fokus op der Musek. Well mer wëssen, datt d’Kreativitéit wäert wichteg sinn. Nieft digitale Kompetenze musse mer och an de Mënsch investéieren an an dat, wat en eenzegaarteg mécht. Musek fërdert d’Kreativitéit an eng ganzheetlech Entwécklung vum Kand.

Um Geesseknäppchen ginn d’Diere vum Lycée am September op an d’Primärschoul vun der Ecole International Gaston Thorn kënnt op Zéisseng. Den Numm fir de Lycée Gaston Thorn gouf hei awer ganz bewosst vun der Regierung erausgesicht. Dem éischte lëtzebuergeschen EU-Kommissiounspresident an awer och e Premierminister an de 70er Joren, deen an där Zäit probéiert huet, d’Land ze moderniséieren, der Gesellschaft an der Ekonomie unzepassen vun enger moderner Gesellschaft. An et ass genee deen Esprit, deen hei gelieft gëtt, nieft den europäeschen Iwwerzeegungen.

Extrait Claude Meisch

Vum 1. Mäerz u kann ee sech fir déi nei Europaschoul aschreiwen, an den 3. a 4. Mäerz sinn och Informatiounsowenter geplangt. Méi Detailer fënnt een ënnert www.eigt.lu.

Back to Top
CIM LOGO