Fir d’Formatioun vu Jonken ze verbesseren, wëll d’Regierung et erreechen, datt manner Schüler d’Schoul ofbriechen. En éischte Schratt soll hei d’Eropsetze vun der Schoulflicht vu 16 op 18 Joer sinn. Lëtzebuerg huet mat dee kéngste Chiffer beim Decrochage scolaire op europäeschem Niveau. All Joer briechen tëscht 600 a 700 Schüler ënner 18 Joer d’Schoul of. Gläichzäiteg plangt den Educatiounsministère weider Ressourcen anzesetzen, fir de Jonke mat engem dacks schwieregen Hannergrond ënnert d’Äerm ze gräifen.
Fest am Bléck vun der Regierung si Jonker, déi eng Chance op eng uerdentlech Ausbildung solle kréien. Déi grouss Majoritéit vun de Jonken, déi tëscht 16 an 18 Joer d’Schoul verlooss hunn, hu Problemer, sech an den Aarbechtsmarché z’integréieren, erkläert d’Nathalie Schirtz, Responsabel fir “Soutien à la transition vers la vie active": „Vill vun deene Jonken, mat deene mir schaffen, an hir Motivatioun zeréck fonnt hunn, kucken zeréck a bedaueren, datt se d’Schoul verlooss hunn. Se kënnen et och ganz gutt selwer aschätzen, datt se et ouni Diplom um Aarbechtsmarché ganz schwéier hunn.”
Schoulflicht bis 18 Joer: d’Gesetz dozou kéint nach Enn dës Joer gestëmmt ginn a géif dann 3 Joer drop a Kraaft trieden. D’lescht Joer hunn eng 650 Jonker fréizäiteg d’Handduch gehäit.
„10 bis 12 Prozent vun deene ginn duerno schaffen. Déi aner, bal 90 Prozent, sëtzen doheem a gehéieren zu de sougenannten NEETs (Not in Employment, Education or Training). Et ass eis Prioritéit, fir déi net falen ze loossen”, erkläert den Educatiounsminister Claude Meisch.
Net genuch individuell Betreiung, negativ Erfarungen oder schlecht Organisatioun gehéiere fir eng Rëtsch vun hinnen nach ëmmer zum Alldag, sou nach de Minister: „An dofir muss d’Schoul sech zum Deel änneren, fir esou Jonker z’encadréieren. Mir brauche méi e staarke psychosozialen Encadrement, fir hir privat Situatioun ze stabiliséieren. Do denke mer natierlech un Acteuren aus dem ‘l’aide à l’enfance et la famille’. An do musse mer awer innovéieren an der Manéier, wéi mer léieren.”
An hinnen eng nei Routine, eng nei Alternativ am Liewen unzebidden. Sou ewéi zum Beispill am Atelier27b vum SNJ. De Service National de Jeunesse probéiert nom Schoulofbroch ze encadréieren.
„Et fonctionéiert praktesch eppes ze maachen, eppes mat den Hänn, an am Liewen ze eppes z’erliewen. Parallel dozou hu mer zum Beispill e Programm mat schouleschem Angebot. Dat ass eppes, wat kombinéiert ganz gutt fonctionéiert an an Zukunft besser misst ausgebaut ginn”, ënnersträicht de Jean-Marc Feltz, Educateur beim SNJ.
„De System ass fir esou Jonker heiansdo einfach ze vill. Ze streng, ze organiséiert. Alternativ Schoulmodeller wiere flott a géife sécher motivéieren”, betount nach d’Nathalie Schirtz an deem Zesummenhang.
Iwwert déi nächst 3 Joer sollen dës vum Ministère an Acteuren um Terrain kreéiert ginn.
Den OGBL ass net komplett iwwerzeegt dovunner, datt d’Verlängerung vun der Schoulflicht op 18 Joer an d’Schafe vun alternative Léierplazen déi richteg Léisung géint Schoulofbriecher ass. Sécher wier, datt Jonker esou de Choix géife geholl kréien, fir scho virun 18 Joer schaffen ze goen an datt d’Problemer an der Beruffsausbildung net un der Wuerzel ugepaakt ginn. Den Onofhängege Gewerkschaftsbond stellt sech och d’Froen iwwert déi nei Strukturen, déi geschaaft solle ginn, fir déi Jonk opzehänken. Dës Zentere géifen alles wéi e schoulescht Ëmfeld schafen. Déi Jonk hätten hei guer keng Garantie op eng Formatioun an en unerkannten Diplom. Dee Punkt géif eng grouss Inkoherenz am Projet bleiwen.