Äntwert op parlamentaresch FroAn de Lycéeë ginn aktuell bal en Drëttel vun alle Stonne vu Chargéë gehalen

Roy Grotz
Och aktuell kéint d'Organisatioun vum Lëtzebuerger Schoulwiesen net ouni den Asaz vu Chargéen organiséiert ginn.

Dës Leit hunn e Kontrakt vun engem Joer oder schaffe mat engem CDI. Ouni si wier d’Schoulhalen onméiglech, dat beleeën och d’Zuelen.

An de Lycéeë ginn aktuell bal en Drëttel vun alle Stonne vu Chargéë gehalen, an der Beruffsausbildung sinn et 27% an an der Erwuessenebildung souguer 57%.

Eng gutt Partie vun de Chargéë kënnen och “fonctionariséiert” ginn, well si op d’mannst 15 Joer ewell fir de Staat geschafft hunn. Dat betrëfft eleng fir de Secondaire eng 365 Leit, iwwerdeems an den Beruffsausbildung 29 Leit dovunner kéinte profitéieren, fir Staats-Fonctionnaire ze ginn.

Bis ewell goufen eréischt 13 Chargéen aus dem Secondaire “fonctionariséiert”, dat heescht Persounen, déi och den “Examen de fin de Stage” gepackt hunn.

Dës Zuele liwwert den Educatiounsminister Meisch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun der CSV Co-Fraktiounscheffin Martine Hansen.

Back to Top
CIM LOGO