An der GrondschoulNeit Konzept ausgeschafft, fir d'Alphabetisatioun op Franséisch ze maachen

Monica Camposeo
Vun der nächster Rentrée u gëtt dee Pilotprojet a 4 Grondschoulen ëmgesat, dëst zu Diddeleng, Schëffleng, Uewerkuer an an der Fiels.

Dat äntwert den Educatiounsminister Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéierten Martine Hansen.

Pilotprojet fir Alphabetisatioun op Franséisch

An der Diddelenger Schoul Däich, der Nelly Stein zu Schëffleng, esou wéi an de Schoulen zu Uewerkuer an an der Fiels gëtt vu September un de Kanner liesen a schreiwen op Franséisch bäibruecht.

All Kand soll kënne vun dëser Offer profitéieren, wann d’Elteren dat wëllen. Mä prioritär gëtt op de Sprooche-Kontext vum Kand gekuckt. Wéi eng Sprooch gëtt doheem geschwat, wéi eng Sprooche kann d’Kand schonn oder war et eventuell an enger franséischer Crèche oder Maison Relais?

“D’Dräisprochegkeet vun der Lëtzebuerger Grondschoul gëtt duerch de Pilotprojet net a Fro gestallt”, esou ass et nach an der parlamentarescher Fro ze liesen.

An enger Klass wou d’Alphabetisatioun op Franséisch geschitt, kënnt déi däitsch Sprooch esou bäi, wéi den Ament déi Franséisch, also mëndlech am Cycle 2. An am éischte Joer vum drëtten Cycle léieren d’Kanner Däitsch schreiwen.

Däitsch a Franséisch géingen deemno an deene Klasse genee inverséiert ginn, esou d’Erklärung vum Educatiounsminister Claude Meisch. Um Enn vum Cycle 4 ginn d’Schüler a Schülerinnen zesumme gefouert, esou dass all Kand wéi elo och un der normaler Orientatiounsprozedur fir an de Lycée kann deelhuelen.

Back to Top
CIM LOGO