D’Handwierk huet net dee beschten Image: ustrengend, schlecht bezuelt, net gutt ugesinn. Op d’mannst schéngt dat eng wäit verbreete Meenung ze sinn. Dobäi kämpft dëse Beruffsstand zanter Joren ëm méi Unerkennung – an ëm Nowuess. Et feelt nämlech net just u Wäertschätzung, mee och u qualifizéierten Handwierker.
“Wat ass däin Handwierk?” Dës Fro stellt d’Chambre des Métiers an hirer neier Campagne. D’Zil ass et, den Image vum Handwierk opzebesseren a Jonker dozou ze motivéieren, eng Léier ze maachen. Well obschonn den Artisanat souzesoen d’Réckgrat vun der Lëtzebuerger Ekonomie ass an eng Persoun vu fënnef an där Branche aktiv ass, huet ee Schwieregkeeten Nowuess ze fannen.
An awer gëtt et se: jonk Leit, déi sech aus Leidenschaft fir een handwierkleche Beruff entscheeden. Ee vun hinnen ass den Tom Schwirtz. Den 20 Joer jonke Mann ass aktuell op enger 11e am LTC, wou hien an der Mechatronik op den DAP hischafft, den Diplôme d’Aptitude Professionelle (Geselleprüfung). Hien huet een éischter aussergewéinleche Parcours hannert sech. Den Tom huet nämlech eng Première gemaach an dunn decidéiert, an d’Handwierk ze goen. De Wonsch, eppes mat den Hänn ze schaffen, wier schonn op 7e komm, wéi den Tom am Kader vun engem Schoul-Projet zesumme mat sengem Papp eng al Vespa restauréiert huet. Op 4e hu si dunn zesummen un engem alen Auto geschrauft. Trotz där Leidenschaft huet den Tom seng Etüden am Classique ofgeschloss – op Wonsch vu sengen Elteren.
Tom Schwirtz: “Meng Elteren hunn definitiv hannendru gedréckt, fir dass ech meng Première fäerdeg maachen. Menger Mamm war et relativ egal wat ech duerno maachen. Si huet dat mir iwwerlooss. Bei aneren Deeler vun der Famill war de Wonsch awer do, dass ech op d’Uni ginn oder iergendwéi weider Studie maachen an net eng Léier.”
Elo ass hien am zweete Joer vu senger Ausbildung, geet zwee Deeg d’Woch an d’Schoul an dräi Deeg an e Betrib schaffen. Parallel zum DAP mécht hien awer och de Meeschterbréif, den héchsten Diplom am Handwierk. Mat sengem Premières-Ofschloss hätt hien och direkt de Meeschter kënne maachen, ma den Tom wollt d’Basis vum Beruff léieren. An dat bedeit fir de Schüler e vollen Agenda.
Tom Schwirtz: “D’Ausbildung ass am Fong ok. De Meeschterbréif ass awer schwéier, well et Owescoursë sinn a Weekends. D’Deeg ginn immens laang, et sinn immens vill Stonnen an engem Dag. An et mierkt een och schonn am Laf vun de Coursë wéi vill Leit ewech falen nach éiert d’Examen iwwerhaapt ufänken, well se et net duerchhalen.”
Mat sengem Choix, no der Première en Handwierk ze léieren, ass den Tom quasi en Exot. Senger Meenung no sollte sech vill méi Leit trauen, dee Wee ze goen. Obschonn de Beruff net esou gutt ugesi wier wéi e sollt.
Déi Erfarung huet och de Christian Turk scho gemaach, erzielt de President vun der Amelux, eng Asbl, déi sech dofir asetzt, de Stellewäert vum Handwierk ze verbesseren: “Wann ech matkréie wéi Eltere soen ‘Meng Kanner ginn net an d’Handwierk, op kee Fall. Déi mussen op Classique.’ Dat ass eppes, dat deet engem als Handwierker wéi.”
Sech Gehéier verschafe war d’Zil vum Christian Turk, Serge Peiffer a François Reckinger, wéi si d’Amelux gegrënnt hunn. Allen dräi hu selwer ee Brevet de Maîtrise an der Täsch, haten deelweis hir eege Betriber. Aktuell enseignéiere si hiert Handwierk an engem Lycée. Hirer Erfarung no géinge méi Schüler onfräiwëlleg wéi fräiwëlleg bei hinne landen, esou de Christian Turk: “An folglech ass et jo esou, wann s de net genuch Punkten hues, da gees de an d’Handwierk”.
Ma dat soll sech änneren. Eng Valorisatioun vum Handwierk fuerdert d’Amelux. An dat wier nëmme méiglech andeems een de Meeschterbréif op den Niveau vun engem Bachelor-Ofschloss géing eropstufen. D’Kompetenze vum Meeschter géingen dat rechtfäerdegen.
Christian Turk: “Déi ganz Diskussioun an all déi Campagnen, alles dat hëlleft net sou laang de Meeschter näischt wäert ass oder net genuch wäert. Wann een den héchsten Diplom héicht, dann ass eng Valeur dran. Dann huet een eng Vue no uewen, wou och d’Eltere gesinn ‘ah jo, dat do ass eppes wäert, mäi Kand kann dat maaachen’.”
Do dernieft misst een a sengen Aen awer nach weider Ännerungen am Schoulsystem virhuelen. Am Plaz vun dräi Joer Formatioun fir en DAP ze kréien, véier Joer draus maachen, wou och rëm méi Wäert op Sproochen a Rechne geluecht géing ginn. An och am Fondamental misst een de Kanner d’Handwierk scho méi no bréngen. Op d’mannst an deem Punkt stëmmt hinnen den Educatiounsminister Claude Meisch zou. Ma a sengen Aen kéint een de Meeschterbréif haut net einfach mat engem Bachelor gläichstellen, erkläert hien eis am Interview.
Claude Meisch: “Wann awer d’Volontéit do ass, fir iwwer Weiderbildungsprogrammer zum Beispill och kënnen duerno e Bachelor ofzeschléissen, da kann ee schonn esou Brécke bauen. Mir hunn och aner Formatioune wéi de BTS zum Beispill, wou mir dee consideréieren awer och gläichzäiteg Zousaz-Formatiounen ubidden, fir e Bachelor draus ze maachen. An ech denken, dass do d’Uni.lu oder vläicht aner Héichschoulen e Partner kéinte sinn an esou engem Prozess – wann dat da wierklech gewënscht gëtt vun de Jonken, déi eng Meeschterprüfung gemaach hunn oder en aneren Ofschloss am Handwierk hunn.”
Den Tom Schwirtz muss op alle Fall nach eng Zäitchen d’Schoulbänk drécken. Déi nächst dräi Joer si mam Meeschterbréif verplangt. Wéi et duerno soll weidergoen, wéisst hien nach net genee. Ma eppes steet awer fest: “Handwierk mécht mir definitiv Spaass an do wéilt ech mäi ganzt Liewen dra bleiwen.”