An der ChamberDebat iwwer Ongläichheeten an de Schoulen

RTL Lëtzebuerg
Schüler aus engem sozial schwaache Milieu oder déi e Migratiounshannergrond hunn, hätten et méi schwéier fir d'Schoul ofzeschléissen an herno am Beruff.
© AFP Archivbild

Schoulesch Inégalitéit Thema an der Chamber / Sabrina Backes

Der Interpellantin vun deene Lénke Myriam Cecchetti no géingen d’Sprooch, d’Klass, d’Geschlecht an d’Originnen Ongläichheeten ëmmer weider verstäerken.

Ongläichheeten am Schoulsystem géingen et der genuch ginn. Déi Lenk nennen als Beispill d’Orientéierung fir an de Secondaire. Déi Lénk wëllen , dass all Schüler sech selwer ka seng schoulesch a berufflech Karriär aussichen. D’Myriam Cecchetti:

“Déi Lénk wëllen duerfir d’Gesamtschoul als revolutionär Mesure developpéieren. D’Gesamtschoul, dat ass ee System, an deem d’Schüler net fréizäiteg an de Secondaire orientéiert ginn. Si bleiwen zesummen an engem Tronc commun bis zum Schoulflicht-Alter, also aktuell nach bis 16 Joe, a kënnen dann entscheeden, a wéi eng spezialiséiert Filière si sech wëllen orientéieren.”

Thematiséiert goufen vun der Partei och d’Schwieregkeeten, déi duerch d’Méisproochegkeet opkommen. Vill Kanner hätte Schwieregkeeten, fir all Sproch, déi zu Lëtzebuerg geschwat gëtt, nämmlecht gutt ze maîtriséieren. Zoustëmmung gouf et heifir vun der CSV. D’Sproochecoursen an de Schoule misste reforméiert ginn. D’CSV-Deputéiert Martine Hansen:

“Mer mussen de Sproochenunterrecht reforméieren a mer mussen eis klassesch ëffentlech Schoul staark maachen, well déi Méisproochegkeet déi gehéiert dozou, mee et dierf keng oniwwerbréckbar Hürd gi fir d’Kanner am Sënn vun der Chancëgerechtegkeet.”

Zoustëmmung, mee awer och Kritik koum vun der ADR. Den Deputéierte Fred Keup fënnt et net richteg, datt de Schoulsystem deels schlecht geriet gëtt. Leit, déi op Lëtzebuerg kommen, misste sech och un de Schoulsystem an un d’Méisproochegkeet upasse kënnen:

“A mir dierfen och net vergiessen, dass mer awer zu Lëtzebuerg sinn an dass mer mat allen Hëllefen, déi mer ginn, awer nach ëmmer zu Lëtzebuerg sinn an eise Schoulsystem zu Lëtzebuerg an un d’Kultur upassen. Mir kënnen et net jiddwerengem gerecht maachen, deen heihinner kënnt. E bëssen upasse muss ee sech dann awer.”

Den Educatiounsminister Claude Meisch par konter verweist op déi sëlleg Reformen a Pilotprojeten, déi an Zukunft komme wäerten. Deemnächst soll zum Beispill, nieft dem Däitschen, och d’Alphabetiséierung vun de Kanner op franséisch ugebuede ginn.

Am Géigesaz zu deene Lénken, wëll de Claude Meisch de Schoulsystem awer net komplett revolutionéieren, mee dësen éischter Schratt fir Schratt u bestëmmten Erausfuerderungen upassen.

Back to Top
CIM LOGO