Interpellatioun an der ChamberD'Personal aus de Kompetenzzentere schéngt onzefridden ze sinn

Pit Everling
2018 goufen d'Kompetenzzentere geschaaft. 4 Joer méi spéit wier d'Personal iwwerschafft, d'Missioune komplex an net kloer definéiert.
© RTL-Archiv

D’Personal aus de Kompetenzzentere schéngt onzefridden ze sinn. Op d’mannst gëtt et op enger Rei Punkte Klärungsbedarf. Dat gouf en Dënschdeg an der Chamber-Plenière däitlech. Déi Lénk haten eng Interpellatioun zum Thema gefrot. Den Educatiounsminister Claude Meisch verweist op e Gesetzprojet, deen an der Maach ass.

2018 waren d’Kompetenzzentere fir Kanner mat spezifesche Besoine geschaaft ginn. 4 Joer méi spéit wier d’Personal iwwerschafft, d’Missioune wiere komplex an net kloer definéiert an d’Tâchë wiere virun allem zäitlech net hinzekréien.

D’Deputéiert vun Déi Lénk Myriam Cecchetti: Si struewelen, si engagéiere sech, op Käschte vun hirer Gesondheet, Fräizäit an Nerven. Well d’Qualitéit vu hirer Aarbecht fir si wichteg ass. Sou vill Volontarismus misst eigentlech vun engem Minister respektéiert a belount ginn. D’Personal ënnerhält awer och e System, deen net funktionéiert an op Dauer net méi ze droen ass. Et ass eng erpresseresch Zwéckmillchen, an déi de Minister säi Personal hei setzt.

Ee vun de Sträitpunkten ass en Accord aus dem November 2021, dee mam SNE/CGFP ënnerschriwwe gouf, allerdéngs net vun der Vertriedung vun den Educateuren APCCA - déi mam SEW/OGBL kooperéiert - matgedroe gëtt. Et gëtt an deem Kontext och e Litige tëschent där APCCA an dem Educatiounsministère.

Personal Kompetenz-Zenteren / Rep. Pit Everling

Wann een eppes wëll maachen, wat d’Strooss hält, mécht een et mat de Gewerkschafte vun der CGFP, sou den Educatiounsminister Claude Meisch, fir deen et e komplexen Dossier ass.

Ee Knackpunkt bei den Negociatioune wier d’Tâche gewiescht. Do gouf et d’gewerkschaftlech Fuerderung, fir déi fir verschidde Mataarbechter vun 32 op 28 Stonnen erofzesetzen.

Ech wäert net mat enger Léisung d’accord sinn, wou herno manner Stonne bei Kanner ukommen. Mir hu 700 nei Poste geschaaft. An da solle mer lo soen, déi si komm, fir datt jidderee ka manner schaffen? Meng Intentioun war, datt mer méi Zäit bei de Kanner hätten an datt mer eng besser Qualitéit kënnen assuréieren.

Manner Stonne géif och bedeiten, datt een zousätzlecht Personal misst rekrutéieren an dat géif ee guer net fannen, sou de Claude Meisch.

Eng Rei Verbesserunge wieren op alle Fall op Basis vun deem Accord an der Maach, sou de Minister. Ënner anerem soll ee Comité d’Accompagnement reegelméisseg de Point maachen. An den nächste Woche soll e Gesetzprojet ausgeschafft ginn, fir deen Accord ëmzesetzen. Wann et en Accord mat engem Partner gëtt, dann halen ech mech och un deen, sou nach den DP-Minister Meisch.

Back to Top
CIM LOGO