Interpellatioun an der ChamberDéi mental Gesondheet vun de Schüler am Fokus

RTL Lëtzebuerg
D'Wuelbefanne vun de Kanner a Jonken am Kader vun der Pandemie stoung en Donneschdeg de Mëtteg am Mëttelpunkt vun enger Interpellatioun an der Chamber.

Den CSV-Deputéierte Marc Spautz hat d’Sessioun an der Chamber scho virun engem Joer ugefrot. D’Riedner hunn en Donneschdeg nach emol wäit no hanne gekuckt op Zäite vu Lockdown an Homeschooling an op den Impakt vu Corona op déi mental Gesondheet op eng ganz Generatioun insistéiert.

Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard sot sech an deem Kontext frustréiert, datt den annoncéierte Remboursement vun der Psychotherapie nach ëmmer net Realitéit ass.

D’Djuna Bernard an der Chamber

“Konkret heescht dat: Gratis Psychotherapie, méi Plazen an der stationärer wéi der ambulanter Behandlung an eng breet opgestallte Jugendaarbecht. Dat duerf net weider waarden an dat muss elo kommen, als iewescht Prioritéit fir eis Jonk.”

Et hätt ee ganz vill Ressourcë mobiliséiert fir d’Schoul sou wäit wéi méiglech um Lafenden ze halen, sot sengersäits den Educatiounsminister Claude Meisch an d’Resultater vun den Etüden déi gemaach goufe kéinten een optimistesch stëmmen. Sou hätt een notamment keng signifikativ Léierréckstänn wéinst der Pandemie zu Lëtzebuerg festgestallt. Et wier och gelongen e reguläre Premièresexamen z’organiséieren.

Den Educatiounsminister sot och, et géif un enger Reform vum SePAS, dem fréiere Spos geschafft.

De Claude Meisch iwwert een neie SePAS

Mental Gesondheet misst och an der Schoul diskutéiert ginn. Och soll de SePAS d’Missioun als sougenannten “Child protection officer” iwwerhuelen.

De Claude Meisch huet donieft fir eng besser Vernetzung tëscht de verschiddenen Acteuren - Schoulen, Jugendhaiser a Psychologen a soss Gesondheetsexperten - plädéiert.

Back to Top
CIM LOGO