
Den Educatiounsminister Claude Meisch huet en Donneschdeg d‘Detailer presentéiert. Et geet net drëm, en zweete Cours ze halen an et soll eng Transitiounsphas kommen.
Et wier wichteg, e favorabele Kader ze schafen, wou et roueg ass a wou een Opmierksamkeet kritt, sou den Educatiounsminister Claude Meisch. Wann dat doheem net méiglech ass, da soll sou e Kader vum September un an de Maison-relaise geschaaft ginn. D‘Persounen, déi d‘Schüler begleeden, sinn d‘Educateuren.
“Net eng Persoun, déi mat mir oder fir mech d‘Hausaufgabe mécht a scho guer keng Persoun, déi herno d‘Aufgab verbessert. Eng Persoun, déi kuckt, ob ech mäi Material beieneen hunn. Eng Persoun, déi bei de Consignen hëlleft, wann ech net eens sollt ginn. Eng Persoun, déi kuckt, ob ech eens gi sinn an ob ech meng Hausaufgab gemaach hunn.”
D‘Zil wier et net, de Cours nach eemol ze halen. Et soll also kee Cours d‘appui sinn. Den Educateur soll d‘Fro erklären, net bei der Äntwert hëllefen. Och Kanner, déi net an der Maison relais ageschriwwe sinn, kënne vun der Offer profitéieren. Wichteg wier d‘Kommunikatioun tëschent de verschiddenen Acteuren. Déi Kommunikatioun soll via elektronescht Bichelche geschéien.
“Wou déi Kommunikatioun en temps réel ka gefouert ginn, tëscht Enseignanten, Elteren a gegebenenfalls Educateuren.”
D‘Personal wäert eng Formation continue maachen. Et wäert ee gesinn, ob zousätzlech Leit mussen agestallt ginn, sou de Minister. Sinn d‘Maison-relaisen an d‘Educateuren dann all prett am Hierscht? De Minister Meisch äntwert, datt elo mol eng Transitiounsphas géing kommen.
“Mir hu sämtlech Acteure consultéiert. Mir ginn eis eng Transitiounsphas. Mir fänke bei dëser Rentrée un. Mä mir wëssen, datt déi eng oder aner Maison relais nach e Wee muss zeréckleeën, fir wierklech prett ze sinn. Mir kënnen och haut schwéier aschätzen, wat d‘Demandë wäerte sinn.”
De Claude Meisch geet net dovunner aus, datt d‘Demande lo wäert explodéieren an hie rechent och net mat engem risege Käschtepunkt fir de Staat.