
Dat kritiséiert den OGBL an engem Communiqué a fuerdert, datt den DAP vum Auxiliaire de Vie iwwerschafft a qualitativ opgewäert gëtt, amplaz datt en neien DAP dobäikënnt, deen an den Ae vun der Gewerkschaft just zu Problemer féiere géif. De geplangten neien DAP géif sech just op d’Entwécklung vun de Kanner vun 0 bis 12 Joer beschränken an domat den Educateuren e groussen Asazberäich ewechhuelen. Donieft wier d’Praxis-Erfarung och erofgesat ginn an déi Jonk wiere vill manner vertraut mam Terrain, wa se géifen ufänke mat schaffen.