
De Motocyclist, deen an enger Kéier op d'Géigespuer gerode war, gouf schwéier blesséiert a koum mam Helikopter an d'Spidol. D'Strooss gouf fir d'Opraumaarbechte gespaart.
Wéi d'Police um Donneschdeg matdeelt, goufe si am fréie Moien driwwer informéiert, datt de jonke Motocyclist aus dem Oste vum Land am Spidol un de Suitte vu senge Blessure gestuerwen ass.