Stad LëtzebuergEng Persoun gouf no Kläpperei mat op de Police-Büro geholl

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt, datt et den 30. August géint 16:35 Auer an der Avenue Monterey an der Stad zu enger Kläpperei tëscht e puer Persoune komm ass.

Op der Plaz hunn d’Beamte 6 Persounen ugetraff, déi sech net berouege gelooss hunn an d’Poliziste verbal attackéiert hunn. Eng Persoun huet misse vun de Beamten immobiliséiert ginn. Dës huet doropshi mat op de Police-Büro misse goen.

E Méindeg wollt d’Police an der Stad an der Rue Fort Bourbon zwou verdächteg Persoune kontrolléieren. Dës sinn doropshi geflücht, ee vun hinne konnt awer gestallt ginn. Am Laf vun den Ermëttlungen hunn d’Beamte vun der Police ënnert engem Gefier um Boulevard de la Pétrusse, wou béid Verdächteger am Virfeld ugetraff goufen, 19 Kugele Kokain fonnt. 10 Weider Kugelen hat de presuméierten Drogendealer ofgeschléckt. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter. D’Drogen, en Telefon a Boergeld goufe saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO