
Aktuell sinn 2 Persounen hospitaliséiert, ee Patient läit op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.290.119 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 437 waren ergänzend Dosen, wärend sech just 10 Persoune fir eng éischt Impfung decidéiert hunn.
Bei 52 Persounen ass eng Re-Infektioun festgestallt ginn.
D’Reproduktiounszuel läit bei 1,03. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.