
Véier Mol huet et e Mëttwochmëtteg tëscht 12 a 17 Auer geknuppt. Eng éischte Kéier war dat op der N13 tëscht Fenneng a Beetebuerg de Fall. Hei ass eng Persoun hat hirem Auto géint e Bam gerannt. De CGDIS mellt ee Blesséierten.
Op der Tréierer Autobunn op der Héicht vum Cargo-Zenter sinn zwee Gefierer net laanschtenee komm. De Bilan sinn zwee Blesséierter.
Eng Persoun gouf zu Schengen op der Wäistrooss verwonnt. Och hei waren zwee Autoen am Coup.
Véier Gefierer sinn op der N4 tëscht der Cloche d’Or a Leideleng net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf bei der Kollisioun verwonnt.