Et deet sech eppes op der Agrarfront! Wéi mir vum Ëmweltministère confirméiert kruten, mussen déi 10 Baueren, déi den Ament an der Autorisatiouns-Prozedur dra sinn, d’Impaktetüden, déi vun hinne verlaangt goufen, net méi maachen!
Dat well se an der Prozedur iwwert den Datum erausgéingen, wou dat neit Agrar-Gesetz a Kraaft trëtt, an hinnen deemno Bäihëllefe verluer géingen, sou de Mike Wagner, 1er Conseiller de Gouvernement am Ëmweltministère. Domadder ass eng weider administrativ Hürd elo emol fir d’Bauere vum Dësch.
De Claude Guth ass Bauer an zweeter Generatioun. Zesumme mat senger Fra huet hie virun 10 Joer ugefaangen, e sougenannten Aussiidlerhaff zu Héiweng an der Zone verte opzeriichten. Virun engem Joer huet hien dunn d‘Demande eragereecht, fir de laang geplangte Jongvéistall opzeriichten:
„Lo krute mer awer Mëtt Juli 2022 e Bréif, dass mer mussen eng ganz Rëtsch Impaktetüde maachen, z. B iwwert de Rotmilan. Doduerch si mir enorm ausgebremst ginn, mir hätte scho laang kënnen ufänken a wiere vläicht scho fäerdeg“.
De Luc Emering vun de Jongbaueren erkläert, et géif mëttlerweil eng ganz Rëtsch esou Fäll, an deenen d‘Bauere misste mat Etüde weisen, wéi een Impakt d‘Exploitatioun vum Stall op d‘Ëmwelt huet.
„Do hu mir Beispiller, wou e Bauer wëllt e Silo bäibauen an dann noweise muss, wéi een Afloss dat op d‘Bëscher ronderëm huet. Do freet ee sech da schonn, ob déi Leit, déi d‘Baueren dat froen, iwwerhaapt wëssen, wat se do froen“.
Zousätzlech missten déi Etüde vun agreéierte Büroe gemaach ginn, ma et géif nach iwwerhaapt keng agreéiert Büroen hei am Land, déi esou spezifesch Etüde maachen.
Fest steet: D‘Etüde kënnen dëst Joer net méi gemaach ginn. De Claude Guth fäert elo, d‘nächst Joer ënnert dat neit Agrargesetz ze falen. Säi Stall misst da biokonform sinn an un eng Biogas-Anlag kënnen ugeschloss ginn, hie misst also nees ganz vu vir ufänken mat Plangen.
„Et kann och kee mir soen, wat dat da kascht. Ech weess guer net, ob ech de Stall ënnert där Form dann iwwerhaapt kann opriichten“.
Bis ewell ass d‘Agrargesetz awer réischt e Projet,- also Entwarnung fir d‘Baueren? De Minister Claude Haagen:
„Ech si jo en optimistesche Mënsch, fir lo ze mengen, dass dat neit Agrargesetz vum 1. Januar 2023 un operationell ass, da schafft d‘Chamber ganz séier, da schafft de Staatsrot ganz séier, dann ass de Konsens iwwert de Projet de loi och ganz séier, an dann hu mir en Agrargesetz, wat relativ zügeg a plausibel amendéiert an och approuvéiert ginn ass vun der Chamber“
Fir Kritik suergt och déi am Projet genannte Limite vun 150 Béischte pro Betrib. Vum Minister heescht et, et géing ee mat den Acteure schwätzen. Entwarnung gëtt et iwwerdeems fir déi gefroten Impaktetüden-déi si mëttlerweil vum Dësch, heescht et aus dem Ëmweltministère.
Den 2. August gouf de Projet de Loi deposéiert, d’Prozedur géif agehalen an do gehéiert dat spéidert Diskutéieren dozou, seet de Minister. Ob d’Baueren dann nach Loscht hunn? Et géif fir Mëtt September, eng Maniff an der Loft hänken, mengt déi eng oder aner Nues. Et gëtt op alle Fall schonn äifreg al Stiwwele gesammelt: Mir si gespaant!
Ob d‘Bauere sech also un Naturschutz-an Agrargesetz d‘Zänn ausbäissen, bleift deemno ofzewaarden.