
Aktuell si 15 Persounen hospitaliséiert, ee Patient läit op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.290.719 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 349 waren ergänzend Dosen, wärend et bei véier Persounen déi zweet Dosis war a bei fënnef déi éischt.
Et gouf 96 Re-Infektiounen.
D’Reproduktiounszuel läit bei 1,43. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.