Fréier war et den Dag, deen d’Leit genotzt hunn, fir an d’Stad ze fueren, fir sech virun Allerhellegen en neie Mantel ze kafen, fir op d'Griewer ze goen.

Hautzedaags ass de Mantelsonndeg ee vu ville verkafsoppene Sonndeger, op deem d’Geschäftsleit mat Remisen lackelen.

Bei iwwer 20 Grad huet een haut vläicht net onbedéngt de Besoin gehat, sech en neie Mantel fir de Wanter zouzeleeën, an trotzdem ware vill Leit an der Stater Groussgaass ënnerwee, fir vu gudden Affären ze profitéieren.

RTL

Dat huet d’Geschäftsleit natierlech gefreet. Besonnesch déi aus der Textilbranche, déi mat der Pandemie keng einfach Zäiten hannert sech hunn an elo och nach mat der Energiekris de Kafkraaftverloscht vun de Cliente ze spieren kréien.

Déi nächst grouss Geleeënheeten, fir vu reduzéierte Wueren ze profitéieren an dat och weekends komme geschwënn. Mam Black Friday de 25. November an direkt duerno de 4 verkafsoppene Sonndeger viru Chrëschtdag.

An dat neit Joer start dann nees direkt mat de Wantersolden.