PolicegewerkschaftPascal Ricquier net politesch aktiv fir d'CSV
D'Policegewerkschaft SNPGL reagéiert op Artikelen aus der Press, déi soen, dass den SNPGL-President, de Pascal Ricquier, an der CSV politesch aktiv wier.
Verëffentlecht: 29.10.22 14:12, Update: 08.12.25 18:15
Dat war no der Generalversammlung virun 10 Deeg opkomm. An engem Communiqué schreift d'Policegewerkschaft, dass dat net de Fall wier an déi politesch Neutralitéit nach ëmmer gi wier. De Pascal Ricquier hätt och weiderhin d'Vertrauen vum Administratiounsconseil.