Huet d’zivil Notzung vun der Atomenergie eng Zukunft an Europa? Den Drock vu Lobbyen zu Gonschten ass an enger Rei Staate ganz grouss.

Fir den Expert an Atomfroe vu Greenpeace Roger Spautz ginn et awer genuch Alternativen. Déi lescht Atomzentralen goufe viru gutt 3 Wochen an Däitschland vum Netz geholl. An aneren EU-Staaten gëtt wieder op d’zivil Notzung vun der Atomenergie gesat. 11 Länner, dorënner Frankräich, hu souguer eng Nuklear-Allianz gegrënnt. Am RTL-Interview geet de Roger Spautz op d’Risiken an, déi mat der ziviller Notzung vun der Atomenergie verbonne sinn, zum Beispill datt bis haut net gewosst ass, wéi de radioaktiven Offall iwwer honnerten oder souguer dausende Jore soll entsuergt ginn.

Enn Abrëll war de Lëtzebuerger um Site vun der japanescher Atomzentral vu Fukushima. Synonym vun enger vun de gréissten Nuklear-Katastrophen an der Geschicht vun der Mënschheet. Ausléiser waren am Mäerz 2011 en Äerdbiewen an den Tsunami, deen doduerch ausgeléist gouf.

De Roger Spautz beschreift wéi haut Mënschen an den deemools verstraalte Regioune liewen, nodeems de Buedem plazeweis dekontaminéiert gouf.

Fukushima: an der Zentral ass d’Situatioun wieder schlëmm

De Member vun der Delegatioun vum Comité fir Transparenz an Informatioun iwwer nuklear Sécherheet koum am Kader vun der Visitt zu Fukushima och fir eng kuerz Zäit ganz no un d’Zentral erun. "Do ass d’Situatioun nach relative schlëmm. Déi Reakteren musse jo dauernd gekillt ginn. Do sinn iwwer eng Millioun Kubik Meter Waasser déi kontaminéiert sinn, déi den Ament a risegen Tanken stockéiert sinn, wou kontaminéiert Waasser an d’Mier gelaf ass."

De Roger Spautz gëtt ze bedenken, datt d'Reakteren nach wéinstens 30 Joer laang wäerte misse mat Waasser gekillt ginn. Ganz komplizéiert wäert et ginn, dat radioaktiivt Material, duerch d’Kärschmelz ënnert dem Reakter, enges Dages erauszehuelen, well do eng ganz héich Stralung ass.

RTL

Wéi sécher ass Cattenom?

Wien zu Lëtzebuerg Atom-Energie seet, denkt spontan u Cattenom a Frankräich, eng Dose Kilometer hannert der Grenz. Eng Zentral, där hire Management zanter Joren vu Greenpeace kritiséiert gëtt.  D’lescht Woch huet d’Ëmweltorganisatioun eng juristesch Schluecht gewonnen. Greenpeace kritt Abléck an administrativ Dokumenter, déi EFD als Bedreiwer vun der Zentral net eraus récke wollt. Dat an Zesummenhang mat der Problematik, bei där a franséischen Atomreakter Rëss duerch Stress-Korrosioun entstinn.

En Enn vun der ziviller Notzung vun der Atomenergie ass net an Aussicht, och well d’EU am Kader vun der Diskussioun iwwer d’Taxonomie, déi d'Energie als gréng agestuuft huet. D’Lëtzebuerger Regierung geet ganz kritesch domat ëm. D’Zentrale wieren net sécher, d’Problematik Atom-Offall ass net geléist. "D'Europäesch Unioun, d’Kommissioun mécht e Feeler, dass ee probéiert engersäits de Gas awer och d’Nuklear-Industrie, fir déi als gréng Anzestufen", sou d’Reaktioun vum Roger Spautz.

Op d’Energie-Transitioun ugeschwat, seet de Roger Spautz, datt souguer och a Frankräich d’Energie-Versuergung, mat Bléck an d’Zukunft, ouni Atomzentralen net Zesummebrieche géif. Net vun Haut op Muer, awer laangfristeg, verbonne mat Energiespuermesuren.