Arméi begrënnt, firwat Lëtzebuerg 2024 net bei NATO-Groussmanöver mat derbäi ass
En däitschen Tornado-Kampfjet bei der Nato-Loftübung "Air Defender 23". / © POOL/AFP/Axel Heimken
Eng 90.000 Zaldote solle fir de Groussmanöver "Steadfast Defender" am Fréijoer 2024 mobiliséiert ginn. Ma Lëtzebuerg ass net an dësem NATO-Exercice derbäi.
Eng Spriecherin vun der Lëtzebuerger Arméi huet RTL elo Explikatiounen dozou ginn, firwat keng Lëtzebuerger Zaldote mat derbäi wäerte sinn, an huet de Militärexercice "Steadfast Defender" an de Kontext gesat. E versprécht, dee gréissten zanter dem Enn vum Kale Krich ze ginn.
Esou Exercicer géife wäit am Virfeld geplangt ginn, dacks op dräi bis véier Joer am viraus, heescht et vun der Arméisspriecherin Carole Arendt. "Et gëtt e Choix vun eiser Säit geholl, en fonction vun der Aart vum Exercice an de Kapazitéiten, déi gebraucht ginn."
D'Lëtzebuerger Arméi hätt d'Decisioun geholl, net beim Exercice 2024 derbäi ze sinn. Ma beim nächste "Steadfast Defender", dee fir 2027 geplangt ass, wier een nees derbäi. Dës Decisioun wier d'lescht Joer getraff ginn.
Am Kader vun de "Forward Land Forces" wieren Unitéite vun der Lëtzebuerger Arméi den Ament schonn a Rumänien a Litauen aktiv, dat fir d'Ostflank ze schützen an ofzeschrecken. "Proportional gesinn ass d’Lëtzebuerger Arméi domat scho staark um kollektiven Effort vun der NATO bedeelegt", heescht et op där Plaz vun der Arméisspriecherin, déi och dorop hiweist, datt Lëtzebuerg den Ament u méi Exercicer bedeelegt wier, wéi nach viru Joren.
Den NATO-Groussmanöver "Steadfast Defender" ass ee sougenannten Deployment Exercise, dee soll weisen, wéi séier d'NATO kéint aktiv ginn, fir den nordamerikaneschen an euro-atlantesche Raum ze schützen.