
Dat jonk Elia wier deemno de 24. Januar mat der Schoul an der Stad schwamme gewiescht. Nodeems hatt, dem Schoulmeeschter no, nom Cours ze vill am Vestiaire geträntelt hat, huet hien decidéiert, d’Elia ouni Schong, ouni Jackett a mat naassen Hoer bis op de Busarrêt, 50 Meter vun der Schwemm ewech, trëppelen ze loossen.
D’Mamm vun der Schülerin war deemno entsat an huet d’Direktioun vun der Schoul kontaktéiert. De Schoulmeeschter huet an enger Mail un d’Mamm geschriwwen, dass d’Elia ëmmer träntele géing an net nolauschtere géing. Hie géing hoffen, dass hatt sech an Zukunft elo méi dru gëtt. Esou d’Informatioune vum Essentiel.
Och d’Wort huet d’Geschicht opgegraff a beim Schoulministère nogefrot. Dëse confirméiert, datt et zu dësem absolut inakzeptabele Virfall komm wier, dee Konsequenzen droe wäert, gëtt awer keng weider Detailer.