Fir déi verschidden Acteuren aus der Groussregioun zesummenzebréngen, gëtt zwee Deeg laang d’Healthcare Week an de Foireshalen organiséiert.

Presentéiert ginn déi neisten Technologien, mee och déi ënnerschiddlech Beruffer. De Secteur huet nämlech ëmmer nach mat enger Penurie a ville Beräicher ze kämpfen. 
 
Et ass fir déi zweete Kéier, dass aus der ganzer Groussregioun Acteuren aus dem Gesondheetssecteur zesummekommen. Ronn 100 Stänn presentéieren hir Aarbecht, dorënner vill nei Technologien an den däitleche Message: D’Santé gëtt ëmmer méi digital. Dat zum Beispill jo och mam elektronesche Patientendossier.

Den europäesche Patientendossier kënnt

Den DSP vun der Agence eSanté gëtt automatesch fir all Patient opgemaach, ausser et schwätzt ee sech explizitt dogéint aus. Ma d'Benotzung, dat wier en anere Volet. Favorabel wier, dass d'Spideeler den DSP antëscht méi benotzen. Nei ass och, dass et keng CDe méi mat de Resultater gëtt, mee d'Donnéeën direkt am Patientendossier gespäichert ginn, erkläert de Generaldirekter Ian Tewes. D’Agence eSanté erwaart sech op der Foire och Feedback, fir d’Plattform ze verbesseren. Dobäi kënnt, dass bis 2028/29 eng Zort europäeschen DSP soll kommen.

Secteur kämpft weider géint Penurie u Personen

Am Fokus vun der Healthcare Week stinn nieft der Technologie awer och d’Santésberuffer. Mat der Campagne Healthcareers gëtt schonn zanter zwee Joer versicht, Jonker an d'Gesondheetsberuffer ze kréien. Am LTPS hätt ee schonn éischt Verbesserunge bemierkt, esou d'Brigitte Schmit, Coordinatrice fir d'Orientatioun am LTPS. Bei den Assistants en pharmacie zum Beispill hätt et méi Aschreiwunge ginn. An anere Beruffer, wéi den Aide-Soignant oder d'Hiewan, géingen awer ëmmer nach Leit feelen. Ma do wier een awer zouversiichtlech, esou Brigitte Schmit vum LTPS, dass sech duerch d'Campagne och do d'Situatioun verbessert.

Fir de Beräich vun der Fleeg, notamment och de Beruff vum Aide-Soignant no vir ze bréngen, ass dëst Joer fir d’éischte Kéier d’COPAS op der Healthcare Week vertrueden. Den Daachverband vun de Prestatairen am Fleegesecteur representéiert ronn 13.000 Salariéen. Fir d'Claudine Bettendroffer, Direktesch vun der COPAS, ass d'Zil vun der Foire eng besser Vernetzung mat deenen aneren Acteuren. D'Fleeg ass en immens grousse Beräich vun der Santé, dowéinst wier et och wichteg, op der Foire vertrueden ze sinn, esou nach d'Direktesch vun der COPAS.

Duerch d'Vernetzung erhofft ee sech eng besser Zesummenaarbecht. A virun allem der Penurie u Personal entgéintzewierken. Dofir gi verschidden Acteuren och a Schoulen. Dem Daniel Wintersdorf, Chargé de Gestion bei De Widong, ass et wichteg, deene Jonken och matzedeelen, wat si spéider zum Beispill mat engem Infirmiersdiplome kënne maachen. Dat wier nämlech keng Sakgaass, betount den Daniel Wintersdorf, mee et géinge vill Perspektiven am Gesondheetssecteur ginn. Och doduerch sollen d’Santésberuffer fir déi Jonk un Attraktivitéit gewannen.